
E wichtegen Deel vun där Strategie ass de sougenannte Large Scale Testing. Hei soll mat Stéchprouwen déi ganz Populatioun duerchgetest ginn. Eng Strategie, un där d'Regierung weider festhält. Déi zweet Phas gouf e Méindeg lancéiert.
Den Ufank war nawell holpereg. Et hunn nëmme wéineg Leit sech teste gelooss. D'Mataarbechter hate gefälschten an onsécher Masken un. A wéi d'Zuel vun den Infektiounen an d'Luucht gaangen ass, ass de Contact Tracing zäitweis u seng Limitte komm. Ma alles an allem schéngt een am Gesondheetsministère awer zefridde mam Resultat vum Large Scale Testing. Ëmmerhi gouf e Méindeg déi zweet Phas offiziell lancéiert.
Enn Juli ass déi éischt Phas ausgelaf. Uganks waren d'Leit awer relativ retizent, fir sech an engem vun deene 17 Test-Statiounen testen ze loossen. Wier alles gelaf, wéi geplangt, hätten nämlech schonn am Juni ronn 600.000 Tester misse gemaach gi sinn. Dee Moment waren et der allerdéngs nëmme knapp 50.000.
Um Enn wiere bannent deenen 10 Wochen, an deene getest gouf, bal déi ganz Capacitéiten, dat heescht bis zu 16.000 Tester den Dag, genotzt ginn, heescht et vun offizieller Säit.
Am Mount August, dat heescht wärend der Transitiounsperiod tëscht der éischter an zweeter Phas, goufen eng 56 Prozent vun allen Tester am Kader vum Large Scale Testing gemaach. Gläichzäiteg si knapp 10 Prozent vun deene positiv geteste Persounen iwwert dee Wee fonnt ginn.
Eng bonne Note gëtt et iwwerdeems och vum europäeschen Zentrum fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten, ECDC. Si hunn de Verlaf vum Covid-19 an der EU, Schwäiz, Norwegen a Groussbritannien, genee wéi d'Mesuren, déi déi jeeweileg Regierungen decidéiert hunn, ënnert d'Lupp geholl hunn. Bei deem Verglach ginn d'Efforte vum Grand-Duché ausdrécklech begréisst an d'Test-Strategie gëtt direkt e puer Mol am Rapport als Musterbeispill zitéiert.
De Budget fir déi éischt Ronn war mat 40 Milliounen Euro ugesat ginn. Um Enn sollen d'Käschte fir déi 10 Woche bei eppes méi wéi 32 Milliounen Euro geleeën hunn. Fir déi zweet Phas, déi fir 30 Woche geplangt ass, si 60 Milliounen Euro ugesat. Ob dat duergeet, bleift deemno ofzewaarden.
E Méindeg um 16 Auer presentéieren d'Ministere Lenert a Meisch zesumme mat Vertrieder vum LIH an der Covid-19 Task Force e komplette Bilan vun der éischter Phas, genee wéi en Ausbléck op déi zweete Phas vum Large Scale Testing.
Hei klicken, fir de Livestream um 16 Auer ze kucken.
