No 10 Joer an Algerien am PrisongDe Lëtzebuerger Med Chani ass fräi

RTL Lëtzebuerg
De Finanzberoder krut 2009 an Algerien Korruptioun a Blanchiment virgehäit a gouf zu enger laanger Prisongsstrof veruerteelt.
© RTL Archiv

De Lëtzebuerger mat algeresche Wuerzele Med Chani ass nees op fräiem Fouss. De Finanzberoder, deen 2009 an Algerien Korruptioun an Blanchiment virgeheit kritt huet an zu enger laanger Prisongsstrof veruerteelt gouf, souz insgesamt 10 Joer an Algerien am Prisong.

De Mann huet d’Virwërf am Kader vum Bau vun enger Autobunn ëmmer nees kontestéiert. De Med Chani war 2015 och an en Hongerstreik getrueden, fir op seng schwiereg Haftbedingungen hinzeweisen, wou ënnert anerem och vu Folter rieds gaangen ass. Seng Famill a seng Frënn hunn alles a Beweegung gesat, fir och zu Lëtzebuerg op seng Situatioun opmierksam ze maachen. Am Juni 2015 hat e "Comité de soutien" eng Manifestatioun virun der Chamber organiséiert.

Elo ass de Mann, deen déi duebel Nationalitéit huet, nees op fräiem Fouss an zeréck zu Lëtzebuerg.

No 45 Deeg - Lëtzebuerger Chani Medjdoub stoppt Hongerstreik
Chani Medjoub - Fräisproch an enger Affär, déi zweet kënnt am Februar drun
Chani - Réckschlag fir d'Affekoten, d'Famill an den Chani Medjdoub

Back to Top
CIM LOGO