"Dat ass fir mech eng grouss Éier an eng grouss Verantwortung"De Luc Frieden gouf vum Grand-Duc mat der Regierungsbildung beoptragt

RTL Lëtzebuerg
Et war dat bekannte Bild op engem Moien no de Walen. Um 9.30 Auer huet de Xavier Bettel dem Grand-Duc d'Demissioun vun der Regierung proposéiert.
De Luc Frieden gouf vum Grand-Duc mat der Regierungsbildung beoptragt
Kuerz viru 17 Auer hat dunn de Luc Frieden eng Audienz beim Staatschef. Ëm 17.40 Auer gouf et dunn Gewëssheet...

Duerno huet de Staatschef noeneen de Chamberpresident, de President vum Staatsrot an d’Vertrieder vun de Parteien, déi an d’Chamber gewielt goufen, empfaangen.

Kuerz viru 17 Auer hat dunn de Luc Frieden eng Audienz beim Staatschef. Ëm 17.40 Auer gouf et dunn Gewëssheet. De Luc Frieden koum aus dem Palais eraus an huet géigeniwwer der Press erkläert, dass de Grand-Duc hien als Formateur mat der Bildung vun enger neie Regierung beoptraagt huet. Dat wier fir hien “grouss Éier an eng grouss Verantwortung”. Hie wäert déi Aufgab an den nächste Woche mat Seriositéit maachen, esou de Luc Frieden an de Grand- Duc reegelméisseg iwwert de Fortschrëtt vun den Negociatiounen informéieren.

Et wier esou, dass 2 Parteien als Koalitiounspartner a Fro kéimen. E Méindeg den Owend géif een als CSV zesummekommen, fir ze kucken, ob ee géif mat de Liberalen oder de Sozialiste Koalitiounsgespréicher ophuelen. Et wéilt ee seng Decisioun am Laf vum Méindegowend bekannt maachen.

De Luc Frieden virun der RTL-Kamera:

Frieden als Formateur designéiert
Frieden als Formateur designéiert

Offziellt Schreiwes vum Haff: De Luc Friden gouf vum Grand-Duc als Formateur vun der neier Regierung designéiert.

Back to Top
CIM LOGO