Global Léisunge fannen - dorëm soll et bei der COP25, der Weltklimakonferenz, goen. Et schéngt awer, wéi wann d'Staaten eng Geleeënheet fonnt hätt, fir iwwer Ausweeër ze verhandelen an derlaanscht ze kommen, hir Ambitiounen eropzeschrauwen, sou d'Schweedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg, déi de Staaten Zuelespillerei virgehäit. Aviatioun, Schëff-Faart, den Import an Export vu Konsumgidder, géif aus ugekënnegten Objektiver eraus gerechent. Iwwerdeems kéinten d'Emissiounen iwwer Zweetstaate kompenséiert ginn. Och dëst Joer géif et u staarke politeschen Engagementer feelen.
COP25 - den Numm ass Programm, well scho fir déi 25. Kéier gi Klimaziler diskutéiert. A fest steet elo schonn, datt d'Léisungspisten, déi bis elo um Dësch leien, net duerginn, fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. D'nächst Joer soll gehandelt ginn, sou d'Äntwert vun der Politik. Dëst Joer géif - nom Paräisser Kader - nach gefeilt.
1.500 Kilometer nërdlech huet e Mëttwoch de Moien déi nei EU-Kommissioun op hirem 10. Aarbechtsdag d'Jalone fir de Projet vun der "Kommisioun-von-der-Leyen" gesat. Dat hei ass de "Mann-um-Mound-Moment vun Europa", sou d'Ursula von der Leyen. Den europäesche "Green Deal" ass ganz ambitiéis, ma mer wäerten och ganz virsiichteg sinn, wann et drëms geet, säin Impakt ze bewäerten, sou nach d'CDU-Politikerin.
Bis 2050 soll d'EU klimaneutral sinn
Länner wéi Polen, Ungarn oder d'Tschechesch Republik, déi nach staark op d'Kuel ugewise sinn, hu scho Bedenken. Op der Streck soll kee bleiwen, sou d'Kommissioun. Dofir sollen 100 Milliarden Euro fir Investissementer mobiliséiert ginn, fir pazifesch Secteuren a Regioune bei deem Strukturwandel z'ënnerstëtzen.
All d'Léisungen hätt och d'EU nach net, ma e Mëttwoch wier den Ufank vun enger Rees. Eng Rees, op där jiddereen eppes bäidroe kann, sou d'Ëmweltministesch d'Carole Dieschbourg zu Madrid. "Vun deem, wat ech iessen, wéi ech mech beweegen, ob ech vill mam Auto fueren oder op Alternativen zeréckgräife bis hi wéi ech wunnen.", sou nach d'Carole Dieschbourg.
Klimaschutz wier eng enorm Chance, sou heescht et unisono vu Bréissel a Madrid fir nei Investissementer an nei Aarbechtsplazen. Ma wat ass e klimafrëndlechen a soutenabelt Investissement? Europa ass do e Leader weltwäit, sou de Pierre Gramegna op der COP25. "Ech ginn dovun aus, datt dat, wat Europa am Gaang ass ze entwéckelen och duerno wäert d'Referenz fir de Rescht vun der Welt ginn. Well dat, wat ee wierklech muss evitéieren, wier, datt Investissementer gréng ugestrach ginn.", huet de Finanzminister ënnerstrach.
De Klimaschutz misst elo seriö geholl ginn - ee Jorhonnertprojet, zu Gonschte vum Planéit. Mat och klore Wuesstemsperspektive fir d'Wirtschaft.
De Pierre Gramegna ass iwweregens e Samschdeg an der Mëttesstonn am Background op RTL Radio Lëtzebuerg, datt vun 12 bis 13 Auer.