Zanter dem 1. MeePolicekommissariat an der Uewerstad ass elo ronderëm d'Auer besat

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt mat, dass d'Horairë vum Policekommissariat an der Uewerstad erweidert goufen.
© Laurent Weber

De Policebüro an der Rue du Fossé ass deemno zanter dem 1. Mee 24 Stonnen op 24 a siwen Deeg op siwe besat.

D'Erweiderung vun den Horairë géif am Kader vum Ausbau vun der Policepresenz op strateegesch wichtege Plaze geschéien.

D'Horairë vum Kommissariat Gare/Hollerech ware schonn 2024 erweidert ginn.

Back to Top
CIM LOGO