
De Premier Xavier Bettel huet sech selwer a Quarantän gesat, well hien déi lescht Woch zesumme mam franséische President Emmanuel Macron beim europäesche Conseil war, an de Macron antëscht positiv op de Coronavirus getest gouf. Hei geet et also an éischter Linn ëm eng Virsiichtsmoossnam. Den Emmanuel Macron gouf jo en Donneschdeg positiv op Covid-19 getest.
De Premier géif sech elo teste loossen a bis d'Resultat do ass, isoléiert bleiwen, heescht et an engem Communiqué en Donneschdeg de Mëtteg. Aktuell géif de Xavier Bettel awer keng Symptomer weisen a géif och am Homeoffice weider schaffen.
Communiqué par: ministère d'État Suite aux nouvelles que le président de la République française, Emmanuel Macron, avec qui le Premier ministre a participé au Conseil européen les jeudi et vendredi derniers, a été testé positif à la COVID-19, le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, a décidé – par principe de précaution – de se soumettre à un test et se place ainsi en auto-quarantaine jusqu'à la réception du résultat.
Le Premier ministre ne présente actuellement aucun symptôme et continuera à exercer pleinement ses tâches et ses fonctions, ceci par la voie du télétravail.