Internationalen Expert am InterviewDe Professer Oded Galor iwwert de Wuesstem

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Succès vum Buch "Rees an d'Mënschheetsgeschicht" ass de Wirtschaftswëssenschaftler e gefrote Gaascht. Hie war rezent zu Lëtzebuerg.
Internationalen Expert am Interview: De Professer Oded Galor iwwert de Wuesstem
Oded Galor: Duerch de Succès vum Buch “Rees an d’ Mënschheetsgeschicht” ass de Wirtschaftswëssenschaftler e gefrote Gaascht. Hie war rezent zu Lëtzebuerg.

Wuesstem ass e Sujet, iwwert dee ganz vill diskutéiert gëtt, mee dat. wat mir haut drënner verstinn, ass e ganz neie Phenomen: bei 99 Prozent vun der Mënschheetsgeschicht gouf et dat net! Den israeelesch-amerikanesche Professer Oded Galor fuerscht genee doriwwer: Wéi sech Wirtschaftswuesstem entwéckelt huet an och wat déi enorm Ongläichheeten uechtert Welt erkläert. Fir dat ze verstoen, misste mir wäit zréck an d’Mënschheetsgeschicht, Joerdausenden zréck, well et gouf keng konstant Entwécklung, mee virun allem Stagnatioun.

A sengem Buch “Rees an d’Mënschheetsgeschicht”, e Bestseller, deen an 31 Sproochen iwwersat gouf, erkläert den Oded Galor dat op eng kloer verständlech Aart a Weis, wuel gouf et nach ëmmer Erfindungen an technologesche Fortschrëtt, mee dat huet just ganz kuerzfristeg zu méi Wuelstand gefouert. Well et de Mënsche besser goung, sinn der manner gestuerwen a Virdeeler vum Fortschrëtt goufen ze soen nees opgehuewen, doduerch, dass d’Populatioun staark gewuess ass. Déi “Bevëlkerungsfal”, wéi se genannt gëtt, konnt eréischt déi lescht 200 Joer iwwerwonne ginn. De Fortschrëtt ass ëmmer méi séier ginn an déi enorm Acceleratioun huet derzou gefouert, dass d’Aart a Weis ze produzéiere méi komplex ginn ass, aner Kenntnesser néideg waren, d’Elteren an d’Educatioun vun hire Kanner investéiert hunn, a grad esou wichteg, och manner Kanner kritt hunn.

Hei kënnt Dir eng méi laang Versioun vum Interview kucken:

Internationalen Expert am Interview: De Professer Oded Galor iwwert de Wuesstem
Oded Galor: Duerch de Succès vum Buch “Rees an d’ Mënschheetsgeschicht” ass de Wirtschaftswëssenschaftler e gefrote Gaascht. Hie war rezent zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO