Mat verschiddenen Aktivitéite bauen d’Educateuren eng enk Relatioun zu deene Jonken op, fir mat hinnen ze schaffen. Dat zu Lëtzebuerg an och Mol op längeren Openthalter am Ausland.
De Max Meisch ass ee vun den dräi Educateuren a war zum Beispill viru Kuerzem mat engem Jonke 6 Deeg op Den Haag.
“Dat Aussergewéinlecht bei all de Jonken ass, dass si Saache maachen, déi si am Alldag nimools géife maachen. Wou si mol net wëssen, dass een dat ka maachen. Dat geet vu Mikroabenteuer, bis hin zu méi grousse Saachen. Dat ass hei am Land, dat ass awer och am Ausland. Dat ass esou eppes wéi dat heiten, wat just een Owend ass. Mä dat ass awer och Mol 10 Deeg dobaussen um Feier kachen, dat hunn och nach net vill Jonker gemaach.”, erkläert hien déi verschidden Aktivitéiten.
Fir de Reportage begleede mir hien an de Bësch, wou hie mam Jonken um Feier kacht. Awer och Konschttherapie, e Museksatelier oder einfach just mam Jonke schwätzen, kënne Methode beim Projet BeLeaf sinn. Ëmmer ofhängeg dovunner, wat de Jonken a senger Situatioun grad brauch. En halleft bis ee Joer schaffe si mat de Jonken. Dat hänkt och nees dovunner of, wéi wäit si mam Jonke kommen a wéi laang de Jonken déi Begleedung brauch. Wichteg wär, dass déi Jonk fräiwëlleg matmaachen:
“Ee vun deene wichtegste Facteuren ass am Fong, dass et fräiwëlleg ass, eis ganz Aarbecht baséiert op enger staarker Relatioun. Wann d’Relatioun sécher ass an transparent, dat ass eis ganz Aarbechtsbasis, wou mir mam Jonken da kënne ganz wäit kommen. De Jonken traut eis dann och, fir iwwert seng Grenzen erauszegoen, aus senger Konfort-Zon raus, a fir dann och vläicht méi laang op Sejouren a sou weider.”, erzielt de Max Meisch.
De Max Meisch ass spezialiséiert op Erliefnispedagogik. Dëst ass awer just eng vu ville Methoden, fir mat deene Jonken ze schaffen. Et gëtt sech ëmmer un dat ugepasst, wourop dee Jonke Loscht huet a wat him a senger spezieller Situatioun hëllefe kann. Déi Jonk, déi beim Projet matmaachen, sinn tëscht 13 an 21 Joer al an duerchliewe grad eng schwéier Situatioun. Aktuell si vill vun hinnen an enger Struktur, engem Foyer, der Familljenhëllef oder kommen aus enger Auslandsmesure. Et wär an Zukunft awer geplangt, och aner Jonker unzehuelen.
“Duerch déi Erfarungen, déi de Jonken duerch eis mécht, entsteet eng nei Motivatioun, fir vläicht Saachen anescht unzepaken a wat een immens spannenden Aspekt ass, dass ganz oft de Jonken a sengem System anescht ass, wéi mat eis dobaussen. Dat heescht de Jonken op der Bün, déi hie kennt. An deem System, deen hie kennt, do huet e vläicht méi Konflikter, déi en dobaussen net huet. Well d’Bün wechgeholl gëtt, well déi Problematiken do net do sinn. Do fënnt een dann heiansdo raus, ass et wierklech e Probleem vum Jonken oder ass et e Probleem, wou de Jonke grad ass. E Probleem vu sengem System, senger Struktur. A wann een do heiansdo puer Schrauwen dréie geet, dann ass d’Verhale vun engem Jonken a sengem Ëmfeld ganz anescht, wéi et virdrun war”, beschreift de Max Meisch seng Erfarung.
D’Capacitéite si relativ begrenzt: Zwee Jonker pro Educateur an dräi Educateure schaffe beim Projet. Wann si ufänke mat de Jonken ze schaffen, da setze si sech Ziler zesumme mam Jonken. Wann déi Ziler erfëllt sinn an och ausserhalb vum Projet gutt klappen, ass déi indivualpedagogesch Mesure eigentlech ofgeschloss. Et gi méi Grënn, firwat ee Projet kann ophalen. Bei verschiddene Situatiounen huet de Projet och Limitten. Bei staarkem Drogekonsum oder bei psycheschen Erkrankunge brauch et aner Mesuren.
Vu 14 Jonken hunn der 7 d’Mesure, no engem hallwe Joer bis engem Joer intensiver individueller Betreiung, bis elo ganz ofgeschloss. De Max Meisch hätt awer nach mat all senge Jonken Kontakt: “Et ass eng intensiv Zäit, mir erliewen immens vill zesummen. Et sinn immens flott Saachen, et sinn immens schéi Momenter. Mir si Mënschen, et geet een ëmmer op eng Relatioun och an an dat ass eppes, wann een en halleft Joer, ee Joer ganz intensiv mat engem Jonke geschafft huet, natierlech ass do eppes wat schued ass, dass ee sech net esou reegelméisseg gesäit.”
De Projet BeLeaf fonctionéiert als eng Aart supplementär Hëllef. Et fonctionéiert net bei jidderengem, just bei deene Jonken, déi sech och drop aloossen. Et ass eng Chance, individuell Erfarungen ze maachen, déi si a Strukturen, an deene si ni eleng sinn, vläicht net onbedéngt hunn.