
Säi Papp war den CSV-Minister Nicolas Margue, deen eenzege Regierungsmember deen et 1940 net mat Zäiten iwwert d'Grenz gepackt huet. Säi Fils ass den Historiker Michel Margue an de gréngen Deputéierte Charles Margue ass säin Neveu. De Brudder vum Verstuerwenen war iwwerdeem de laangjärege Deputéierten a Stater Schäffen Georges Margue.