
Hei soll hie mat engem Schrauwenzéier op de Bewunner agestach hunn. Duerno wier hie mat enger ganzer Partie geklaute Bijoue geflücht.
Zanter en Donneschdeg steet de Sasa Bibic, deen deelweis och den Numm Spiridon Sikotis notzt, dowéinst op der Lëscht vun de meeschtgesichte Verbriecher vun Europol.
Hie kritt ënner anerem versichte Mord a Geldwäsch reprochéiert.
De Mann soll zu enger krimineller Organisatioun gehéieren a gëtt vun Europol als geféierlech ageschat. Wien Informatiounen iwwert hien huet, ass gebieden, sech bei der Lëtzebuerger Police oder bei Europol ze mellen.