Virun AllerhellegenDe Service Cimetières preparéiert sech op d'Griewerseenungen

RTL Lëtzebuerg
Op Allerhellege kënnt een uechter d'Land zesummen, fir deene Verstuerwenen ze gedenken. D'Kierfechter mussen heifir propper an an der Rei sinn.
De Service Cimetières preparéiert sech op d'Griewerseenungen
Op Allerhellege kënnt een uechter d’Land zesummen, fir deene Verstuerwenen ze gedenken. D’Kierfechter mussen heifir propper an an der Rei sinn.

Den 1. November ass dofir och fir de Service Cimetières e fixe Rendez-vous am Kalenner. Déi lescht Woche gouf ënnert Anerem um Nikloskierfecht an der Stad scho vill geschafft a gebotzt. Eng 15 Doudegriewer sinn hei dat ganzt Joer iwwer am Asaz. Donieft këmmert sech zanter 2015 eng speziell Kommissioun ëm d’Erhale vum Patrimoine Funéraire an der Stad.

Den Nikloskierfecht weist sech a senge schéinste Faarwen. D’Entrée u sech ass schonn e Stéck Patrimoine. D’Paart an d’Clôture goufe viru Kuerzem frësch restauréiert. Antëscht sinn da wuel och déi lescht Botzaarbechten ofgeschloss. Ëm d’Griewer gëtt sech jo privat gekëmmert. Op d’mannst esou laang wéi d’Konzessioun leeft.

Wann eng Konzessioun gläich ofleeft, gëtt de Public iwwert en Avis an der Zeitung informéiert, erkläert de Sam Kloos vum Service Cimetières. Donieft kënnt och en Ziedel un d’Graf hänken. No engem Joer fält d’Konzessioun a Gemengerhand, wou da gekuckt gëtt, ob d’Graf erhalenswäert ass. Dat wieren eng 150 Griewer d’Joer, esou den Historiker Robert Phillipart. Hie kuckt dann, ob d’Graf opgrond vun der Ästhetik, vun der Geschicht, dem Kënschtler, dem Material oder vum Personnage hier erhalenswäert ass.

Antëscht goufe schonn eng 400 Griewer vun der Gemeng erhalen. Dorënner och historesch Personnagë wéi den Edmund Patzke, deem seng Geschicht a Wierker een elo iwwert e QR-Code ka kucken. De Robert Phillipart huet antëscht iwwer 50 Personnagen opgeschafft, deenen hir Geschicht een um Site vun der Gemeng kann noliesen. D’Kierfechter wieren nu mol och e wichtegen Deel vum Lëtzebuerger Patrimoine. Den Denkmalschutz misst och vun de Leit selwer ausgoen, well och d’Kierfechter zielen hir Geschicht: Vun eiser Gesellschaft, vun Trauer a wéi mir mam Doud ëmginn.

Back to Top
CIM LOGO