Als Annexe vum Ettelbrécker LycéeDe Site an der Salentiny-Strooss zu Ettelbréck gëtt fir 145 Mio Euro renovéiert

Roy Grotz
Nodeems d'Akerbauschoul op Gilsdref geplënnert ass, kréien d'fréier Schoulgebaier eng nei Vocatioun.

Dat alles dierft awer nach eng Zäit daueren, well den entspriechende Gesetzesprojet eréischt soll ugangs 2024 deposéiert ginn.

Parallel ginn awer och d’Büro- a Labo-Raimlechkeete vun der ASTA, der Verwaltung vun de landwirtschaftlechen techneschen Zerwisser reamenagéiert, déi hannert der fréierer Akerbauschoul leien.

D’ASTA kritt och e neien Labo um Site vun der neier Akerbauschoul zu Gilsdref. D’nächst Joer soll den entspriechende Gesetzesprojet an d’Chamber kommen.

Dës Prezisiounen liwwert de Bauteminister Bausch op eng parlamentarsch Fro vum DP-Norddeputéierten André Bauler.

Back to Top
CIM LOGO