No HackversuchDe Site vu MeteoLux ass nees disponibel

RTL Lëtzebuerg
No engem Hackversuch viru gutt 2 Woche gouf et een technesche Problem mam Internetsite vu Meteolux.
© Screenshot

Zanter e Freideg den Owend ass d’Internetsäit vu Meteolux nees erreechbar.

Wéi MeteoLux viru gutt 2 Woche matgedeelt hat, gouf et no engem Hackversuch en technesche Problem mat hirem Internetsite. D’Ekippen haten zanterhier dru geschafft, de Problem ze behiewen.

Déi neist Previsiounen an aktuell Warnunge konnte weiderhin iwwer d’mobil Applikatioun vu MeteoLux consultéiert ginn. Elo ass dat dann och nees iwwert d’Internetsäit méiglech.

Back to Top
CIM LOGO