
Kuerz virun 18:00 Auer e Freideg sinn zwee Autoen tëscht Alzeng a Fréiseng aneneegerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Am Asaz waren d'Secouriste vu Schëffleng a vu Fréiseng.
Um kuerz virun 11 Auer e Samschdeg de Moie gouf zu Zolwer op der Place de l'indépendance eng Persoun ugestouss a blesséiert. Hei waren d'Ekippe vun Esch an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op der Plaz, fir ze hëllefen.