
Fir d’Stéit an d’Betriber ze entlaaschten, gesäit de Staat fir 2026 eng Contributioun an Héicht vu 150 Milliounen Euro bei de Käschte vum Stroumreseau vir. Déi finanziell Hëllef soll vu Januar un automatesch op all Stroumrechnung applizéiert ginn. Trotz engem “Jo”, hunn d’Oppositiounsparteie sech awer och kritesch gewisen. Den LSAP-Deputéierten Georges Engel ass zum Beispill der Meenung, d’Mesure wier net cibléiert genuch.
“Si entlaascht jiddereen och do, wou et u sech net néideg ass, wann een de Reseaustariff generell reduzéiert, da profitéieren natierlech och déi, déi vill verbrauchen a sech et och leeschte kënnen. A fir d’LSAP misst dat da méi geziilt sinn, misst dat méi e geziilte Schutz géint d’Energieaarmut sinn. Do wären nach eng Rei vu Mesuren, déi kéint een dobäi maachen, fir dat méi geziilt ze maachen.”
De Staatsrot hat iwwerdeems keng formell Oppositiounen a sengem Avis formuléiert. D’Chambre des salariés begréisst déi staatlech Bedeelegung an hirem Avis, warnt awer och virun eventuellen Inegalitéiten aus deene selwechte Grënn, déi d’LSAP genannt huet.
Méi Better an ambulant Behandlunge baussent dem Spidol, an der Dermatologie a beim groe Star, dat si graff resuméiert d’Changementer, déi d’Chamber gëschter beim Spidolsgesetz ugeholl huet.
Queesch duerch d’Parteien gouf besonnesch d’Tatsaach ervirgehuewe gouf, datt d’Zuel vun de Spidolsbetter besonnesch an der Psychiatrie an an der Jugendpsychiatrie eropgeschrauft gëtt.
Eng ganz Rei vun de Riedner hunn donieft drop higewisen, datt weider Schrëtt am Beräich vum sougenannte “Virage ambulatoire” komme sollen a komme mussen. Grad wéi, datt Lëtzebuerg zousätzlech Dokteren rekrutéiere muss.