
Den entspriechenden Text ass e Mëttwoch an der Chamber gestëmmt ginn. Dat kascht de Staat iwwer 273 Milliounen Euro.
An der Chamber waren zum Deel animéiert Debatten. Fir d’Oppositioun bezilt de Staat vill ze vill pro Metercarré, vill méi wéi soss fir Bürosflächen. Et wier e Kouhandel,fir de globale Siège vun ArcelorMittal hei zu Lëtzebuerg ze halen. De Projet gouf mat 32 Stëmmen ugeholl, eng méi wéi d’Majoritéit. Den neierdéngs onofhängegen an Ex-ADR-Deputéierte Roy Reding huet mat der Regierung gestëmmt.