
Wéinst dem Chantier plënneren d’Stänn den 11. Januar vum Knuedler op a ronderëm den Hamilius, wéinst dem Uschloss u Bus an Tram wier de Maart do gutt opgehuewen, sou d’Explikatioun am Stater Conseil. Mee, wéi gesot, dobäi koum d’Verspriechen, dat wier keng definitiv, mee nëmmen eng Iwwergangsléisung, bis de Knuedler fäerdeg amenagéiert ass.
Net nëmmen de Knuedler kritt e neit Gesiicht, mee och d’Spillplaz am Bambësch. Déi Aarbechte wäerten 2022 fäerdeg sinn.
Eng schlecht Nouvelle hat de Mobilitéitsschäffen a Saache Vëlospist um Lampertsbierg. Um Méindeg wier e Schreiwes aus dem Ëmweltministère komm, mat engem Veto, wat d'Ëmhae vun de Beem ugeet.
De Patrick Goldschmidt
"Mir haten eis esou gefreet déi Vëlospist an Ugrëff ze huelen, elo kënne mer et guer net maachen! Mir kruten haut e Refus vum Environnement, d'Beem ewechzehuelen, mir sollten eis eppes Neies iwwerleeën. Dat heescht: op där enger Säit géife mer eis gären eppes Neies afale loossen fir de Vëlo, mir hate geduecht mir hätten e Konsens, mir krute gesot, dat géif net goen, e kategoresche Refus, ech war erféiert. Mir mussen elo kucken, wéi mer dat gereegelt kréien".
Soss Punkto Vëlosbréck op de Kierchbierg war et d’Informatioun, dass um Cents an um Weimeschhaff zënter 2 Méint géifen Analyse respektiv Buerunge gemaach ginn an dass een optimistesch wier, wat d’Machbarkeet vun där Bréck ugeet. De Schäfferot rechent fir Enn Januar mat där fäerdeger Etüd.
D’Grondsteier ass ze niddereg, doriwwer si mer eis dach all eens, sou de Stater Finanzschäffen um Knuedler. Um Territoire vun der Haaptstad léichen eng 230 Terraine brooch an hien hätt es sat, dass dauernd gesot géif, de Schäfferot géing géint d’Wunnengsnout näischt maachen. Zum Beispill: Virkafsrecht. Do wier een an enger Situatioun, wou ee keen Droit de préemption méi kéint applizéieren.
Duerch 2 Geriichts-Urteeler an eng Decisioun vun der Inneministesch wieren engem d’Hänn gebonnen, sou de Laurent Mosar; d’Gemeng misst, wa se hiert Virkafsrecht wéilt asetzen, schonn e konkrete Projet fir den Terrain am Kapp hunn.
Virun allem am Wanter ganz aktuell: d’Fro vun de Sans-Abrisen; d’Stad Lëtzebuerg hätt sech d’Méiglechkeet ginn, fir an Zukunft méi Leit ënnerdaach ze huelen, sou de Sozialschäffen. Net just zu Bouneweg mécht deemnächst eng nei Struktur op, mee och op der Eecher Plaz, erkläert de Maurice Bauer.
D’Struktur an der Garer Michel Rodange Strooss wäert de Familljeministère finanziell iwwerhuelen a géif dat en Ënnerdaach fir Frae ginn, sou de Maurice Bauer.
