Zweetwäermsten August zanter 1838De Summer 2020 war ze dréchen an ze waarm

Pit Everling
Et goufen zwar keng Rekorder gebrach, ma nawell wier et zu Lëtzebuerg en extreme Summer gewiescht, deen ze waarm an ze dréche war.
© AFP

De Wiederdéngscht vun der Akerbauverwaltung kënnt zur där Conclusioun, nodeems d'Donnéeë vun 32 Meteo-Statiounen ausgewäert goufen. Gekuckt goufen d'Méint Juni, Juli an August.

LINK: Extreme Summer mat laanger Hëtztwell am August a laang Zäit dréchenDe Summer war 0,7 Grad ze waarm, woubäi virun allem den August dofir responsabel ass. Et wier den zweetwäermsten August, deen zanter 1838 gemooss gouf, sou den Andrew Ferrone vun der Asta.

An deem August gouf et jo och eng Hëtztwell, déi 12 Deeg laang gedauert huet. Déi héchsten Temperatur gouf den 9. August mat 38,3 Grad zu Steesel gemooss. Allerdéngs waren op där Plaz am Uelzechtdall zejoert nach iwwer 40 Grad registréiert ginn.

Am Ufank vum Summer ware mer dogéint nach méi an der Norm, ënnert anerem wéinst der Schofskeelt.

De 5. Juni waren zu Kënzeg d'Temperature beim Mëttelwäert ënner 10 Grad, wat fir e Juni exzeptionell war. Da war de Summer 2020 awer däitlech ze dréchen, besonnesch de Mount Juli stécht hei eraus.

Besonnesch de Süde vum Land an d'Musel wiere betraff gewiescht. Der Natur deet de reegelméissegen Nidderschlag iwwert e gewëssenen Zäitraum am Beschten, wat awer leider dëse Summer net de Fall gewiescht wär, sou de Responsabele vun der Akerbauverwaltung. Natierlech hätt déi Dréchent en Impakt op déi landwirtschaftlech Kulturen, den offizielle Landwirtschaftsbilan gëtt jo e Mëttwoch zesumme mam Ressortminister Romain Schneider gezunn.

De Summer 2020 reit sech an an d'Rei vun enger Partie waarme Summeren, déi et an de leschte Jore gouf. Allgemeng kéint ee soen, dass et deen zéngtwäermste Summer war zanter 1838.

D'Summere géife jo tendenziell méi waarm ginn, wat mam globale Klimawandel ze dinn hätt. Och dréche Summere dierften et weiderhi ginn, och wa bei den Nidderschléi déi laangfristeg Tendenzen nach net sou kloer wieren.

Et wier och allgemeng ëmmer schwiereg, fir präzis Zukunftsaussoen ze maachen, sou nach den Andrew Ferrone.

LINK: Extreme Summer mat laanger Hëtztwell am August a laang Zäit dréchen

Back to Top
CIM LOGO