Prêtrise an der KathedralDe Vincent de Smet ass Paschtouer ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Jore goufe manner Weien ofgehale wéi soss. En Beruff dee bei de Jonke kee Succès méi huet?
De Vincent de Smet ass Priister ginn
Déi lescht Jore goufe manner Weien ofgehale wéi soss. En Beruff dee bei de Jonke kee Succès méi huet?

Et ass ganz emotional fir mech, et ass eng néi Etapp, seet de Vincent de Smet. E Samschdeg de Mëtteg gouf hien an der Kathedral zum Priister geweit. Et ass fir dëst Joer déi eenzeg Priisterwei. Déi lescht Jore scho goufe manner Weien ofgehale wéi soss. En Beruff deen bei de Jonke kee Succès méi huet?

2009 an enger Wochemass huet de Vincent de Smet fir sech entscheet dass en chrëschtleche Beruff eppes fir hien ass. Et wier fir hien en laange Prozess gewiescht vum einfache Massendénger bis elo zum geweite Priister: “De Schluss vun engem neien Ufank souzesoen. Mat der Priisterwei geet eng grouss Etapp... ass eng grouss Etappe fäerdeg, mee et geet natierlech och en neie Wee un. An dat bedeit einfach fir mech am Moment vill Emotioun, vill Freet an opgereegt ze sinn.

De nei geweite Paschtouer huet eng ganz kloer Virstellung vu sengem Beruff an ass sech sengen Aufgaben och bewosst, sou de Vincent de Smet: “E gudde Priister ass fir mech een, dee mat de Léit a fir d’ Léit do ass. Een deen net sech ze vill Froe stellt op se elo zur Keergemeinde (däitschen Term) vun der Kierch gehéieren. Mee et ass einfach deen dee mech freet, dee mech uschwätzt, deem probéieren ech sou gutt wie méiglech ze hëllefen”

Diakon, Priister oder Paschtouer ginn ass bei de Jonken awer net immens gefrot, huet een d’ Gefill. Och Weie ginn ëmmer manner ofgehalen. Ass dann iwwerhaapt nach Nofro do dëse Beruff auszeüben? Den Dom-Kapitular Patrick Müller: “Et ass jo sou dass d’ Léit manner an Kierch ginn, dee Moment ass och loosse mer soen de Choix vun deenen, déi kéinte Priister ginn, méi kleng ginn. Wat awer net ëmmer sou ass. Et sinn der och alt déi kommen aus Familljen eraus déi net onbedéngt aus enger grousser Praxis stoungen. Dat nennt een dann och villäicht eng Bekéierung, déi einfach d’ Léift vum Herrgott an de Ruff vum Herrgott fir sech entdecken.”

De Glawen an d’ Kierch géifen am Moment zwar zeréckgoen. Esou Periode gouf et awer schonn ëmmer. Nach eemol de Patrick Müller: “Mir sinn awer gudder Hoffnung dass an Zukunft erëm Priisterweie kommen, well niewent deene Lëtzebuerger Kandidaten hunn mir och 8 auslännesch Kandidaten, déi och hei zu Lëtzebuerg ausgebilt ginn an déi an Zukunft an deene kommende Joren da vum Äerzbëschof hei geweit ginn an och zu Lëtzebuerg dann hiren Déngscht maachen.”

D’ Priisterwei vum Vincent de Smet misst zwar un Corona-Mesuren ugepasst ginn. Den traditionellen Oflaf gouf awer esou gutt et geet bäibehalen.

Back to Top
CIM LOGO