BielesDe Wee op d'Post gëtt méi wäit

RTL Lëtzebuerg
Nach e puer Wochen hunn d'Awunner vu Bieles d'Chance, hir Bréiwer a Päck op d'Post nieft der Gemeng ze bréngen.
Bieles: De Wee op d'Post gëtt méi wäit
Nach e puer Wochen hunn d’Awunner vu Bieles d’Chance, hir Bréiwer a Päck op d’Post nieft der Gemeng ze bréngen.

Aktuell kann een do nach Timbere kafen an och seng Konte geréieren. Vun Abrëll un ass dat awer eriwwer. Nieft Bieles maachen dëst Joer och aner Standuerter zou. Nei regional Büroen, Pack-Up-Statiounen an extern Partenariater sollen hei méi ewéi kompenséieren.

De Wee op d’Post gëtt méi wäit – dat op d’mannst emol zu Bieles. Am Abrëll soll och dës Agence hir Diere fir ëmmer zoumaachen.

2015 huet d’Restrukturéierung vum Post-Netz ugefaangen. 48 lokal Agencë goufen zougemaach – d’Servicer vu Bieles ginn op de Belval restrukturéiert.

Wa mir e klenge Büro zoumaachen, da fält natierlech den Trafic ewech, dee soss vu Leit aus der direkter Proximitéit kënnt. Mee mir gesinn, datt vill vun deene Leit de Base scho bei déi méi grouss regional Büroe ginn, well se do méi Servicer vun der Post notze kënnen. Dobäi kënnt, datt mer en neien Zenter zu Belval bauen. Zu Bieles sinn eis Servicer op Courrier a Finanze limitéiert. Um Belval gëtt alles ugebueden.”, esou d’Hjoerdis Stahl vun der Post.

Eng 4.600 Mataarbechter schaffe bei der Post, dem gréissten Employeur zu Lëtzebuerg. D’Personal gëtt net manner – ma en Deel vun de Servicer gëtt mëttlerweil online, iwwer extern Partner, oder Colis-Statiounen ugebueden. D’Verhalen an den Agencen huet sech verännert.

Den Internet gëtt vill genotzt. Tëscht 2015 an 2021 hu mer 1,2 Millioune Clienten an eise Guichete verluer.

Dat schmaacht awer net jiddwerengem. Fir déi zweete Kéier dëst Joer war et e Protestpiquet virun engem Postgebai am Süden – de Message ass kloer.

Et gëtt awer ganz vill Leit, déi net esou mobil sinn. Et gëtt och vill eeler Leit, déi reegelméisseg hei op d’Post kommen. D’Post hei zu Bieles huet wärend der Woch vill Betrib. Dat féiert dozou, datt d’Liewe vu ville méi onbequem gëtt.”, esou den Ali Ruckert, de President vun der KPL.

De Virworf, datt ee Cliente géif negligéieren, léisst ee sech bei der Post awer net gefalen.

2015 ware mer mat bal 4.000 Stonnen d’Woch an eisen Agencë fir Transaktioune fir eis Clienten do. Haut sinn dat der iwwer 6.500 d’Woch. Mir hunn zwar manner Büroen, mee si méi Stonne fir d’Clienten do.

Och fir d’Personal wier et méi, flott an engem groussen, oppene Gebai ze schaffen, esou nach d’Argumentatioun.

Back to Top
CIM LOGO