
Déi Deeg dono kréie mer dann eng naass-kal Nordweststréimung an et ka méi naass an däitlech méi kal ginn.
E Freideg kréie mer doduerch e Wiessel tëscht Wolleken, kuerze Sonnemomenter an och verschiddene Reeschaueren. Op iwwer 500 Meter kann de Reen dann och emol a Schnéi iwwergoen. D’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad. An der Nuecht op e Samschdeg kréie mer grad am Norde vum Land weider Schaueren an de Risiko vu Schnéi besteet scho vu 400 Héichtemeter un. D’Temperature falen op -1 bis 2 Grad.
E Samschdeg selwer ass d’Wieder änlech wéi um Freideg an de Risiko vu Schnéi oder Schnéireen gëtt et vu 400 Meter un, dat bei 2 bis 6 Grad. E Sonndeg bleift d’Weider weider dréif, mat deelweis Reen bei de selwechten Temperaturen. Änlech dann och e Méindeg an Dënschdeg, woubäi hei d’Temperaturen awer och am Dag kënne bis op 0 oder an d’Minusgraden erofgoen.