Premier fuerdert Iwwerpréiwung a Klärung"Debat iwwer Heescheverbuet ass largement iwwerdriwwen"

RTL Lëtzebuerg
Fir de Luc Frieden ass d'Thema zwar net wesentlech fir d'Regierung, ma déi zoustänneg Ministere missten d'Situatioun iwwerpréiwen a wann néideg klären.
Symbolbild
Symbolbild
© Mustafa Yalcin / Anadolou via AFP

Den Debat iwwert den Heescheverbuet ass largement iwwerdriwwen, seet de Premier Luc Frieden e Freideg am Quotidien. Hien hätt déi zoustänneg Ministere gefrot, fir déi legislativ Situatioun z’iwwerpréiwen a wann néideg, ze klären.

D’Thema wär awer net wesentlech fir d’Regierung. Him géif et méi ëm de Respekt vum Rechtsstaat goen an datt jidderee kéint uerdentlech liewen an an engem waarme Bett schlofen.

De Rechtsstaat misst funktionéieren, betount de Premier weider. Et géif sech hei ëm e Gemengereglement vun der Stad Lëtzebuerg handelen, dee mat der Gesetzgebung misst iwwertenee stëmmen. D’Geriichter missten decidéieren, ob dat de Fall wär. Um Parlament wär et an enger Demokratie fir Texter, wann néideg, ze präziséieren.

Op Nofro hi sot de Luc Frieden, datt hien déi zoustänneg Ministere gefrot hätt, fir d’Situatioun z’iwwerpréiwen an no enger Analyse ze klarifizéieren - am Kader vun enger Reform vum Code pénal.

De Quotidien hat de Luc Frieden am Gespréich fir de “Méindes-Interview”, deen eréischt an 3 Deeg eraus kënnt, an an deem Kontext sinn déi Aussoe gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO