
En Donneschdeg dierf d’Konzentratioun vu rengem Stëbs allerdéngs nees erofgoen. De renge Stëbs stellt e gesondheetleche Risiko fir vulnerabel Leit duer. Fir si gëllt d’Recommandatioun, net ze vill virun d’Dier ze goen oder Sport ze maachen. Allgemeng réit de Ministère, den ëffentlechen Transport ze huelen, Covoiturage ze maachen, d’Heizungen ze kontrolléieren a kee Feier am Kamäin ze maachen.