Et wäert méi heefeg zu Staarkreen-Evenementer kommen an och méi dacks Héichwaasser ginn. Nieft dem Klimaschutz musse mer eis dofir och un d’Changementer upassen. D’Peegelstänn an de Lëtzebuerger Gewässer hu sech nees berouegt no den Héichwaasser viru 4 Wochen.

De Weltklimarot warnt a sengem aktuelle Rapport, et misst een sech drop astellen, datt esou Phenomener méi heefeg wäerte virkommen, eppes wat een hei am Land elo scho mierke géif, esou de Bruno Alves, Responsabel fir Klimaupassung am Ëmweltministère.
An den nächste Jore wäert et ëmmer nees zu Iwwerschwemmunge kommen, duerch Upassunge kann een awer op mannst de Risk miniméieren. Ugangs den 2000er Jore gouf ugefaangen d’Uelzecht ze renaturéieren.
Zu Steesel soll an den nächste Méint mat den Aarbechten ugefaange ginn. Nieft deem Héichwaasserschutz hu Renaturéierungen och en Impakt op d’Biodiversitéit nieft de Gewässer.