
Am Laf vum leschte Joer hat d’Nouvelle, dass den Depositaire Munhowen de Konkurrent Boissons Heintz iwwerhuele géing, am Gedrénkssecteur hei am Land nawell fir Opreegung gesuergt. Nodeems aner Acteure bei der Konkurrenz-Autoritéit reklaméiert haten, huet déi den Dossier un d’EU-Kommissioun viruginn. Déi huet d’Fusioun zwar autoriséiert, awer ënnert der Konditioun, dass d’Majoritéit vun den Horeca-Aktivitéite vun Heintz verkaaft gëtt. Genee dat gouf dann och dëse Méindeg aktéiert.
D’Liwwer-Aktivitéiten vu Boissons Heintz u Caféen, Restauranten an Hoteller gouf un de belsche Grupp vu Maziers verkaf. Dës Nouvelle hate mer Iech schonn d’lescht Woch gemellt, a gouf deemno elo offiziell. D’Brasserie Maziers huet hire Siège iwwregens zu Bouillon an der Belsch.
RTL-Artikel vu leschter Woch