Aus der ChamberDefence Bonds goufe gréisstendeels vu Lëtzebuerger Residentë kaaft

Marlène Clement
Céline Eischen
De Finanzminister Gilles Roth konnt éischt Zuele virleeën. Donieft huet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes nei Méiglechkeete genannt, fir Traitementer vu fréieren Zaldote ganz ze rembourséieren.
Neits aus der Chamber
© Emmanuelle Schmit

Iwwer 90 Prozent vun de Leit, déi Enn vun der leschter Woch an déi nei Defence Bonds investéiert hunn, si Lëtzebuerger Residenten. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth an der Chamberplenière op eng Fro vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot geäntwert.

D’Staatsobligatiounen an Héicht vun 150 Milliounen Euro waren no manner ewéi 24 Stonnen ausverkaaft. Den CSV-Politiker huet awer präziséiert, datt een nach net all d’Detailer vun de Banken hätt an dëst deemno just eng éischt Tendenz wier. Hie géing zäitno eng komplett Analys an der Finanzkommissioun virleeën. Ënnert den Investisseure wieren all d’Alterskategorië vertrueden, deen eelste Client wier iwwer 90 Joer al. Déi meescht hätte Montanten ënner 100.000 Euro investéiert. Et wieren och méi kleng Montanten dobäi vun zum Beispill 3.000 Euro. De Finanzminister kéint sech dee Modell och fir de Wunnengsbau oder Green Bonds virstellen, mee et wéilt een awer déi komplett Analys ofwaarden.

Nei Method fir Traitementskäschte vu fréieren Zaldoten ze deklaréieren

Traitementer vu Krankheete vu fréieren Zaldoten, déi net komplett vun der Krankekeess rembourséiert ginn, kënnen an Zukunft als Aarbechtsaccident deklaréiert ginn. Esou kann eng nohalteg Prise en Charge vun dëse Fäll sécher gestallt ginn, äntwert d’DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes op eng Fro vum Tom Wedig vun der ADR en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber.

Konkret ass et hei ëm Fäll gaangen, an deene fréier Zaldoten ënner mentale Krankheeten wéi PTSD gelidden hunn, an déi d’Therapie net zu 100% vun der Krankekeess rembourséiert kritt hunn. Amplaz vun engem neie gesetzleche Kader huet d’Ministesch erkläert, datt een dëse Problem duerch eng Deklaratioun bei der Associatioun Assurance Accident (AAA) kéint léisen. Esou kéinten all d’Therapie-Käschte komplett rembourséiert ginn. Den Delai fir dës Deklaratioun léich bei engem Joer.

Wéi vill nei Aarbechtsmedezinner sinn agestallt ginn?

De Recrutement vun neien Aarbechtsmedezinner ass ganz schwiereg, sot dann d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Chamber. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt op en Neits vun der CSV-Ministesch wëssen, wéi vill nei Aarbechtsmedezinner a leschter Zäit agestallt gi sinn a wéi d’Regierung wëll virgoen, fir de Besoine gerecht ze ginn. Eng Fro, déi hie scho virun zwee Joer gestallt hat. Eng weider Piste wier eng Zousazformatioun op der Uni Lëtzebuerg an der Aarbechtsmedezin, an à terme, eng richteg Spezialisatioun vu véier Joer unzedenken, esou d’Martine Deprez.

Back to Top
CIM LOGO