
De Staat huet en Donneschdeg de Mëtteg Scholdpabeieren an den Handel ginn. Et krut ee se, bis de Montant vun 150 Milliounen Euro erreecht war.
En Donneschdeg den Owend ware schonn d’Spuerkeess, BGL BNP Paribas a Raiffeisen all hir Obligatioune lass. Bei der BIL a Banque de Luxembourg si se elo och all fort.
D’Defence Bonds ginn iwwer dräi Joer an hunn en Taux vun 2,25%. Well se steierfräi sinn, wiere se en interessante a séchere Spuerproduit, sou de Finanzminister Gilles Roth an d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. De Staat kritt doduerch ronn zwou Milliounen Euro manner Steieren eran. D’Suen, déi de Staat iwwert dee Wee bei d’Leit léine gaangen ass, fléissen an de Staatsbeidel, mee géingen zilorientéiert an national Projeten an der Defense an an der Sécherheet investéiert.
Den Defence Bond géing ongeféier en Drëttel vun den zousätzlechen Defenseausgabe fir dëst Joer decken, déi wéinst der neier geopolitescher Lag néideg wieren.
Béid Ministere vun CSV an DP soten, et géing een e Bilan maachen a méiglecherweis nach emol populär Staatsemprunte maachen, fir d’Beräicher Logement oder Energietransitioun.
De Finanzminister Gilles Roth huet e Freideg an der Mëttegstonn an engem Communiqué ee positive Bilan iwwert de Verkaf vun den Defence Bonds gezunn. Datt si esou séier ausverkaaft gewiescht wieren, géif weisen, datt d’Leit ee grousst Vertrauen an d’Decisioune vun der Regierung an an d’Zouverlässegkeet vun de Staatsfinanzen hätten.
D’Defence Bonds iwwert ee komplette Montant vun 150 Milliounen Euro wieren esou strukturéiert gewiescht, datt si méiglechst accessibel wieren, dat mat Tranche vun 1.000 Euro an engem Plaffong vun 150.000 Euro pro Persoun a Bank. D’Zënse sinn iwwerdeems fir Residente vun der Akommessteier befreit.