
De Finanzminister Gilles Roth an d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes hunn d’Defence Bonds um 14 Auer op enger Pressekonferenz offizialiséiert. Bis op den Taux waren déi aner Haaptinformatioune scho bekannt. De Gilles Roth huet betount, datt well d’Zenserträg bei den Defencebonds steierfrai sinn, den Taux u sech 2,81% wier. Plus-valuen, wann een e Bond verkeeft, ginn iwwerdeems normal besteiert.
De Minimum, deen ee muss op den Dësch leeën, ass 1.000 Euro pro Bank bis e Maximum 150.000, all Kéiers an Tranchë vun 1.000 Euro. All 12 Méint kritt een e Coupon, also den Zënsertrag op d’Zomm, déi een op den Dësch geluecht huet. No dräi Joer kritt ee säi Placement ganz zeréck. D’Zënserträg si fir Residente steierfräi.
Leit, déi sech wëllen um Invest an national Projeten am Beräich vun der Defense a vun der Sécherheet bedeelegen an dobäi e Rendement erausschloen, kënnen déi Defence Bonds bei fënnef Lëtzebuerger Banken ufroen: Spuerkeess, BGL BNP Paribas, BIL, Banque de Luxembourg a Raiffeisen. Et gëtt keng Frais de souscription.
D’Defense Bonds profitéiere vum Triple A Rating vum Lëtzebuerger Staat a ginn op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert.
Déi meescht EU-Memberstaaten hu sech virgeholl, hir Ausgabe fir d’Defense konsequent an d’Luucht ze setzen. Dat wéinst der Menace vu Russland a virun allem nodeems d’US-Regierung vum President Donald Trump kuerz no senger Wal virun engem gudde Joer d’amerikanesch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain a ganz Europa a Fro gestallt huet.
Lëtzebuerg huet sech virgeholl seng Ausgabe bis d’Joer 2035 op fënnef Prozent vum nationale Räichtum pro Joer an d’Luucht ze setzen. Virdru war den Objektiv 2%. Fir dëst Joer gesäit de Staatsbudget 1,3 Milliard Euro vir, also eng Hallef Milliard méi ewéi d’lescht Joer.
Den Internetsite vun den Defence Bonds vun der Regierung fannt Dir hei.