Ma wéi huelen d'Kanner selwer hir Rechter wouer? Si kënnen de Kontext liesen a wëssen, wat hir Roll ass an enger bestëmmter Situatioun.
Déi knapp 80 Jongen a Meedercher um Geesseknäppchen hunn erzielt, wat hinnen um Häerz leit, wou si de Besoin zur Besserung gesinn. Momenter, déi engem ganz no kënne goen. Theme wéi: Méi Opmierksamkeet, Gewalt oder Naturschutz fale méi dacks.
Vill Erwuessener wéissten net, datt Kanner, och ganz offiziell, Rechter hunn. Ma et hätt een eng zolidd Basis am Grand-Duché, et wär awer nach Handlungsbedarf do: Inklusioun oder Kanner virun der Justiz sinn nëmmen e puer vun de Chantieren.
Mat de Generatioune wiesselen d'Besoine vun de Kanner, sief et, well se dacks manner Zäit mat den Eltere verbréngen oder aner Hürden op se duerkommen. Dofir wiere Projeten ewéi d'ChiCo esou wichteg.
