
Dat schreift d'Fédération des artisans en Dënschdeg an engem Communiqué. Et wier logesch, mä der Handwierkerfederatioun no och nëmme realistesch, wann an engems d'Restriktiounen opgehuewe ginn an d'sanitär Situatioun dat och erlaabt.
D'Federatioun reagéiert domadder op d'Annonce vun der Regierung, datt vu Juli un d'Mesurë fir de Chômage partiel an d'finanziell Kompensatioune reduzéiert ginn.
Déi kleng a mëttelgrouss Betriber wieren aktuell fragiliséiert, dowéinst misst d'Regierung elo konkreet Mesuren ergräifen, fir d'Produktivitéit ze stäerken, sou d'Handwierkerfederatioun. Déi aktuell Initiative misste kritesch analyséiert ginn, fir ze kucken, ob se wierklech der ekonomescher Reprise an dem Maintien vun den Aarbechtsplazen déngen.
