Pilotphas an der SchoulDéi éischte Schnelltester sinn e Mëttwoch an den Asaz komm

Tim Morizet
No Ouschtere sollen eng 120.000 Schüler a Persounen aus dem Léierpersonal ee mol d'Woch vum Antigen-Test profitéiere kënnen.
Pilote-Phas an der Schoul
Déi éischte Schnelltester sinn e Mëttwoch an den Asaz komm.

Vun e Mëttwoch u kommen am Kader vun enger Pilotphas déi éischt Schnelltester an de Schoulen an den Asaz. Testphase leeft bis den 2. Abrëll soll op eng national Test-Strategie an all de Schoulen no der Ouschtervakanz preparéieren.

A Länner ewéi Éisträich komme se zanter 6 Wochen an den Asaz. Zu Lëtzebuerg gëtt an enger 1. Phas a 6 Schoule selwer getest. Iwwer 6.000 Schüler maache mat. Dozou gehéieren 2 Lycéeën zu Esch a Réiden un der Atert a 4 Grondschoulen, ewéi hei och zu Diddeleng an der Lenkeschléi, de Gilles Dahmen, Responsabele fir Test-Strategie an der Educatioun: "Kanner kréien an den nächsten 10 Deeg en Test mat Heem, fir sech mat deem ze familiariséieren. En 2. Test gëtt dann d'nächst Woch an der Klass zesumme gemaach."

Konkret géing et déi nächst Deeg drëms ze analyséieren, wéi grouss den Agrëff an de Schoul-Alldag ass. En Test dauert 20 bis 30 Minutten. Et géif och nach opstoen, ob d'Schüler no Ouschteren an der Klass all zesummen 1 Dag an der Woch getest ginn oder iwwert d'Woch verdeelt. Getest gëtt dann awer am Klassesall. Kënnt et zu engem positive Fall, sollt ee probéieren d'Kand esou mann ewéi méiglech domat ze veronsécheren: „Deen Ament muss d'Kand en Charge geholl ginn. Duerno muss d'Léierpersonal natierlech d'Elteren uruffen, datt déi d'Kand esou séier ewéi méiglech an d'Schoul siche kommen. Et gëtt Protektiounsmoossnam an de Schoulen. D'Kanner kréien an esou engem Fall eng FFP2-Mask ausgedeelt an et gëtt gekuckt, datt d'Kanner kee Kontakt méi ënnertenee hunn."

Vun deem Ament un, wou d'Elteren d'Kanner siche kommen, iwwerhëlt d'Inspection sanitaire, déi da weider Mesuren ergräift.

Den Test kënnt iwwregens aus China, respektiv Holland. Nodeems en ausgepaakt gouf an de Stäbchen an d'Nues kënnt an ronderëm rotéiert gëtt - gi mat 6 Drëpse vun der Flëssegkeet, déi matkënnt, d'Watt ugefiicht. 2 Mol no riets, 2 Mol no lénks dréinen – a 15 Minutte méi spéit ass d'Resultat do.

No Ouschtere sollen dann eng 120.000 Schüler a Persounen aus dem Léierpersonal ee Mol d'Woch vum Antigen-Test profitéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO