Logement, Ëmweltschutz, KannergrondsécherungDéi Gréng: "Bei dëse Wale steet immens vill um Spill"

Monica Camposeo
Jean-Marc Sturm
Ënnert dem Motto "Et ass net egal, ween's du wiels" huet déi gréng Partei op eng Bilanspressekonferenz invitéiert.
© Didier Weber

Déi Gréng Pressekonferenz / Reportage Jean-Marc Sturm

“Bei dëse Wale steet immens vill um Spill”, sot déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson op enger Bilanspressekonferenz géintiwwer der Press. Ganzer 14 gréng Politikerinnen a Politiker ware mat dobäi. Déi rezent Krisen am Klima an am Logement wieren och doduerch entstanen, well laang net an d’Zukunft gekuckt gi wier bei den Entscheedungen. Dat soll mat enger weiderer grénger Bedeelegung an der Regierung anescht sinn.

Et ass de Choix tëscht enger Regierung vum Réckstand, vum Stëllstand oder vum Fortschrëtt”, huet et vun der Spëtzekandidatin nach geheescht. Dofir stoung d’Pressekonferenz ënnert dem Motto: “Et ass net egal, ween’s du wiels.

D’Sam Tanson huet doriwwer eraus d’Beispill vum Ëmweltschutz genannt. 83 Prozent vun de Waasserquelle wieren duerch eng gréng Politik geschützt ginn. Ma et misst weider an déi Richtung geschafft ginn.

Donieft kucken déi Gréng op de Bau vum Tram zeréck. E Projet, deen och soll weidergefouert gi bis an de Süden op Esch-Uelzecht.

D’Djuna Bernard huet dem Henri Kox seng Logementspolitik ervirgehuewen. An enger nächster Legislaturperiod wëll d’Partei de soziale Logement ausbauen. Duerch de Kaf vu bestoende Wunnprojete soll dat méi séier kënnen ëmgesat an d’Bauentreprisen ënnerstëtzt ginn.

Aner Proposen, déi op der Pressekonferenz ervirgehuewe goufen, waren d’Aféierung vun enger Kannergrondsécherung an d’Noutwendegkeet, Instrumenter ze schafen, fir Bauland ze mobiliséieren. Doriwwer eraus wëllen déi Gréng de Congé parental, esou wéi och de Congé pour raisons familiales an e Recht op Deelzäitaarbecht.

Back to Top
CIM LOGO