
Déi momentan Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson, sou wéi de Vizepremier a Minister fir d’Verdeedegung, Mobilitéit an ëffentlech Aarbecht, de François Bausch, goufen eestëmmeg vun de Memberen vun déi gréng am Zentrum als regional Duebelspëtzt fir d’Chamberwalen confirméiert.
Dëst Joer sinn d’Chamberwale jo den 8. Oktober 2023. Déi aner 19 Plazen op der Wallëscht ginn iwwregens vum Bezierkskongress Enn Juni oder spéitstens ufanks Juli besat.
Déi national Spëtzekandidatur vun déi gréng geet aus de 4 paritéiteschen Duebelspëtzten vun de 4 Bezierkslëschten ervir. Dës gi jo all Kéiers vun den entspriechenden Bezierkskongresser gewielt, wéi dëst elo den Zentrum och gemaach huet. Op Basis vun dësen 8 Bezierksspëtzekandidaturen wäert d’Walkommissioun vun déi gréng de Parteimemberen op enger ausseruerdentlecher Landesversammlung eng eenzel Persoun fir déi national Spëtzekandidatin oder den nationale Spëtzekandidat virschloen.