
“Matenee Wuessen” - dat ass d’Devise vum Budget 2026, deen e Mëttwoch de Moien an der Chamber debattéiert ginn ass. Ee Budget mat “Rekord-Investitiounen”, dat esouwuel fir Stabilitéit, Nohaltegkeet a Perspektiven, esou de Finanzminister Gilles Roth. D’Inflatioun hätt sech zanter dësem Joer nees stabiliséiert, de Chômage géif och liicht erof goen. Och wann d’Zeechen op Wirtschaftswuesstem stinn, misst ee weider investéieren, fir dëse Wuesstem bäizebehalen.
De Gesetzesprojet zu der geplangter Steierreform ass jo nach net deposéiert, ma dem Finanzminister no geet ee fir 2028 mat engem Brutto-Impakt vun dëser Reform op den Zentralstaat vu ronn 800 Milliounen Euro aus. Weider Ausgabe sinn Energie-Entlaaschtunge vu ronn 150 Milliounen Euro oder Moderniséierungs-Investitioune fir 500 Milliounen Euro. Grousse Budgetsposten ass awer och de Logement : 42% vun de Steierausgabe ginn an de Wunnengsbau, dat duerch beispillsweis dem VEFA-Opkafprogramm, de Loyers-an Zënssubventiounen, an dem Bëllegen Akt, fir deen eleng ronn 353 Milliounen Euro virgesi sinn. Ma och Sozial Mesuren, d’Defense, d’Santé an d’Educatioun si gréisser Budgetsposten.
Et géif een net just méi investéieren, mee och weider steierlech Entlaaschten: Méi Netto vum Brutto géif ee weider konsequent viru féieren, esou de Finanzminister Gilles Roth. Dat souwuel fir d’Privatleit duerch beispillsweis Steierofschléi fir déi, déi méi laang wëlle schaffe goen. Awer och d’Finanzplaz soll duerch manner Steiere gestäerkt ginn: Beispillsweis gëtt et zanter dësem Joer keng Taxe d’Abonnement méi fir aktiv geréiert ETFen, an eng méi attraktiv Besteierung vun der Bedeelegung vum Fongmanager un enger gudder Performance vun engem Fong. 2027 soll d’Kierperschaftssteier nach emol erof gesat ginn.
Méi Investitiounen, awer och Steiererliichterunge fir d’Finanzplaz: Do stellt sech d’Fro, ob d’Rechnung opgeet. Och wa fir 2025 een Defizit vun 1,2 Milliarden Euro an 2026 vun 1,49 Milliarden Euro virgesinn ass, esou wieren déi Defiziter däitlech méi kleng wéi 2023 nach virausgesot. D’Defizit-Reegel vu maximum 3% wäert och weiderhi confortabel kënnen agehale ginn. Méi Akommes erwaart ee sech duerch eng gutt Dynamik vun der TVA, duerch d’Loun- an Akommessteier. 2027 soll Lëtzebuerg viraussiichtlech déi niddregst Staatsschold an der Eurozon hunn. Mat 27% léich een also weiderhin ënnert dem Seuil vun 30%. D’Schold hätt een also am Finanzministère am Grëff.
No der Budgetsried vum Finanzminister Gilles Roth huet den neien CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet d’Wuert iwwerholl. Fir de Laurent Zeimet géing de Budgetsprojet der “ekonomescher a sozialer Situatioun vum Land a sengem Ëmfeld Rechnung” droen an déi sozial Kohäsioun stäerken. D’Regierung géing an d’Zukunft investéieren an d’Staatsschold op engem raisonnabelen Niveau halen. Dat an enger Zäit, “wou sozial Ongläichheeten, Klimawandel, Energiepräisser an international Krisen ëmmer méi enk matenee verbonne sinn”. De Budget wier och e “Spigel vun eiser Verantwortung - net nëmme géintiwwer de Bierger vun haut, mä och géintiwwer de Generatiounen, déi no eis kommen”. Mat dësem Budget géing de Koalitiounsaccord tëscht der CSV an der DP “weider ëmgesat” ginn.
Fir d’CSV géing de Budget 2026 eng kloer Richtung weisen: E géing “déi Schwächst an eiser Gesellschaft” schützen, duerch “cibléiert a méi effikass sozial Mesuren”. E géing “d’Zukunftsfäegkeet vum Land duerch héich Investitiounen an Infrastrukturen, an d’Educatioun, d’Ëmwelt, d’Digitaliséierung an d’Innovatioun” stäerken. An e géing “sozial, wirtschaftlech an ekologesch Verantwortung” verbannen, sou de Laurent Zeimet nach. Doriwwer eraus géing de Budget “d’Staatsschold stabil zu eiser Wirtschaftskraaft” halen a wéi scho gesot, fir “déi kommend Generatioune” wierken.
D’CSV-Fraktioun géing dem Budget fir 2026 deemno zoustëmmen.
Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet d’Verantwortung, déi ee mam Budget fir d’Leit hei am Land géif droen, ervirgestrach. De Mënsch géif am Mëttelpunkt stoen. De Budget hätt eng sozial-liberal Handschrëft.
Hien ass virop op den éischten nationalen Aarmutsplang agaangen. Méi wéi eng Milliard Euro an 106 Mesurë gesäit de Plang vir. Ënnert anerem geet jo d’Kannergeld 2027 an d’Luucht, ëm 45 Euro fir déi méi jonk Kanner a 60 Euro fir Kanner iwwer 12 Joer. E grousst Uleies wär och, datt d’Hëllef do ukënnt, wou se gebraucht gëtt. A finanziell Hëllefe méi automatesch ausbezuelt ginn.
De Budget 2026 géif och net beim Logement spueren. Et wär een amgaangen u ville Schrauwe gläichzäiteg ze dréinen, fir de Logement nees un d’Rullen ze kréien, sou de Gilles Baum.
E wichtege Punkt an der Ried vum liberale Fraktiounschef war och d’Defense. Et gëtt op ganz ville Säiten investéiert, dat wär e Paradigmewiessel. Europa misst elo seng Verantwortung huelen an an déi eege Verteidegung investéieren.
D’LSAP an hir Fraktiounscheffin Taina Bofferding deelen d’Analys vun der Regierung net.
D’Sozialisten hätten aner politesch Prioritéiten. “Mir géifen de Fokus op dat Soziaalt, d’Gerechtegkeet, d’Nohaltegkeet an de Fortschrëtt setzen”, sou d’Taina Bofferding.
D’LSAP géif net, wéi d’CSV-DP-Regierung, um ale Wuesstemsmodell festhalen, um “Mantra vum Wuesstem”. De Wuesstem wär wichteg, mä net déi eenzeg Kompass-Nol an net d’”Allheilmittel”. Hir Partei hätt de Mënsch am Bléck. Suen eleng géifen net duer goen, mä et misst ee se och richteg asetzen.
D’Taina Bofferding vermësst Propose fir d’Géigefinanzéierung: “Woher kommt das Geld?”, huet déi sozialistesch Fraktiounscheffin gefrot. Wou géif een nei Recettë siche goen? Do géif et keng Äntwerte vun der Regierung ginn.
D’LSAP wäert de Budget net matstëmmen.
D’ADR an de Fred Keup sinn och net mam CSV-DP-Budget d’accord, well d’Problemer net géife geléist, mä no vir verréckelt ginn op déi nächst Generatioun.
Wie bezilt dat alles a wou ass den CSV-Afloss? Dat huet den ADR-Fraktiounschef Fred Keup gefrot. Well d’Scholde géife klammen an dat wär keng typesch CSV-Politik. Et géif och e Plang feelen, fir d’Scholden ofzebauen. Et wär e Budget vun der Onstabilitéit an den Extremer - an zwar den “extreme Scholden”.
Fir de Fred Keup ass de gréisste Problem de Wuesstem vun der Populatioun, den “Turbowuesstem”. Et misst een onbedéngt verhënneren, datt mer weider sou wuessen. D’Sozialsystemer missten onofhängeg vum Wuesstem gemaach ginn. De Populatiounswuesstem an d’Problemer, déi do drun hänken, dierft een net verharmlosen, huet den ADR-Fraktiounspresident gefuerdert.
An hirer Ried gehäit déi Gréng Deputéiert Sam Tanson dem Finanzminister ee Manktem un Transparenz vir. Et kéint ee mat dësem Budget a mam Pluriannuell net ausschléissen, datt de Grand-Duché an e puer Joer massiv finanziell Problemer kéint kréien. Dat hätt virun allem domat ze dinn, datt grouss Budgetsposte wéi d’Steierreform, net am Pluriannuell opgelëscht wieren. Och Depensë wéi d’Defense géifen net am Pluriannuell stoen, et géif ee just op déi nächst zwee bis dräi Joer kucken. Dat wier keng éierlech Projektioun an d’Zukunft. Mat dësem Zäit Horizont kéint een der Sam Tanson no Lëtzebuerg net fir d’Zukunft stäerken. Ma d’Regierung géif Lëtzebuerg mat dësem Budget just bis déi nächst Wale retten. Vum Finanzminister Gilles Roth hätte sech déi Gréng also méi Rigueur erwaart.
Och wat d’Recetten an d’Géigefinanzéierungen ugeet, hunn déi Gréng d’Regierung kritiséiert. Dem Finanzminister gëtt virgehäit net déi néideg nohalteg Léisungen ze proposéieren, fir d’Finanzen och laangfristeg ofzesécheren an de strukturellen Defizit ze ëmgoen.
Den nächste Riedner an de Budgets-Debatten, de Sven Clement vun de Piraten, huet och net mat Kritik un der Regierung gespuert. De Budget wier keng Visioun fir Lëtzebuerg: Et géif een d’Ausgaben net op reell Previsioune baséieren an domat gesond Staatsfinanzen op d’Spill setzen.
Och wann d’Regierung rezent den Aarmutsplang virgestallt hätt, géifen dem Sven Clement no konkret Mesuren an dësem Budget feelen, well déi meescht Mesurë géint d’Aarmut wieren eréischt fir den nächste Budget virgesinn. Eng richteg Prioritéit wier d’Aarmut deemno fir d’Regierung net. Och d’Hëllefsleeschtungen misste méi accessibel an effikass gemaach ginn. Och déi geplangten Hausse vun der CO2-Steier gesäit de Sven Clement kritesch: och wann et wichteg wier, Mesurë géint de Klimawandel anzeféieren, esou dierften déi net just déi sozial Schwaach treffen.
“Et waren ni roueg Zäiten an d’Welt war fréier net besser wéi haut, ma déi international Situatioun gëtt trotzdeem ëmmer nees als Virwand geholl ginn, fir Decisiounen ze begrënnen”, dat huet den David Wagner vun deene Lénken e Mëttwoch de Mëtteg am Kader vum Chamberdebatt iwwert de Budget gemengt. Den Haushalt fir dat nächst Joer wier op alle Fall kee grousse Worf, mee géing de Status quo zementéieren. D’CSV-DP-Regierung géing zudeem léien, wa se seet, datt bal d’Hallschent vum Budget a sozial Mesurë fléisst, a Wierklechkeet wieren et nämlech “just” 36 Prozent. Deen Ënnerscheed géing sech ënnert anerem doduerch erklären, datt d’Regierung zum Beispill Suen, déi an d’Ukrain fléissen, als sozial Mesure géing ugesinn.
D’Potenzial vu Lëtzebuerg géing net an der Regierung, mee an der Populatioun leien. Dat an éischter Linn dowéinst, well 56,8 Prozent vun de Leit méi jonk wéi 30 Joer wieren. Ma deene Jonken hire Kapazitéite géing um Aarbechtsmarché net genuch Rechnung gedroe ginn a si hätten et ganz schwéier, sech um Logementsmarché ze behaapten. D’Zäiten, an deenen ee sech mam éischte CDD no der Schoul eng Wunneng loune konnt, wieren eriwwer, well ëmmer méi Sécherheete gefrot géinge ginn.
Den David Wagner huet dann och kritiséiert, datt de private Marché d’Situatioun net just net léisen, mee se och nach verschäerfe géing. Dowéinst wier et falsch, datt de Staat privat Promoteuren ënnerstëtze géing, mee et misst ee vill éischter op de Wee goen, sougenannt VEFAen am grousse Stil opzekafen.
Mat Bléck op d’Mobilitéit war et d’Fuerderung, den ëffentlechen Transport weider auszebauen. An der Kannerbetreiung bräicht et ëffentlech Crèchen, amplaz privat Crèche mat Chèques service ze ënnerstëtzen. Et wier kloer, datt déi Räich méi staark besteiert misste ginn an et misste Schlupflächer bei der Besteierung zougemaach ginn. Zum Schluss war et da wéineg iwwerraschend d’Annonce, datt déi Lénk géint de Budget stëmme wäerten.
Um Enn vum Debat gouf de Budget fir d’Joer 2026 mat 34 Jo- a 25-Nee-Stëmmen ugeholl. Aktuell zielt d’Chamber jo just 59 Deputéiert, well de Georges Mischo nach net fir de Marc Spautz nogeréckelt ass.
Fannt hei eise Liveticker zu den Debatten, fir nozeliesen: