
De Grénge Minister Henri Kox huet en Dënschdeg de Moien op der Konferenz houfreg op déi lescht Joren zeréckgebléckt: “Iwwert déi lescht fënnef Joer hu mer wierklech eng Wunnengsbau-Offensiv gestart. De Staat huet Suen an de Grapp geholl. Mir si vu 40 Milliounen 2018 bis elo op 300 Milliounen an d’Luucht gaangen. Mir hätte gär, dass déi Offensiv iwwert d’Joren eraus weidergeet. Dat heescht eist Ziel ass mindestens 600 Millioune pro Joer an domat kënne mer pro Joer 800 Wunnenge bauen.”
Donieft wënscht de Minister fir Wunnengsbau sech, dass ee sech op eng enk Zesummenaarbecht tëscht dem privaten, dem staatlechen an och dem Gemengesecteur verloosse kann. Nëmmen zesumme wier d’Ëmsetzung vubezuelbarem Wunnraum méiglech.
Dofir bräicht ee Partnerschaften. “Déi éischt dovunner ass mat de Gemengen. Dat ass de Pacte de Logement, deen eng Obligatioun de résultat huet. Mir mussen abordabel Wunnenge schafen, déi och an der Abordabilitéit bleiwen. Net wéi bei engem Pacte de Logement 1.0, wou mir déi Wunnenge verluer hunn”, erkläert de Logementsminister.
Bei deene ganze Mesurë sti fir déi Gréng de Bierger a seng Liewensqualitéit am Fokus. Och d’Natur soll de Mënschen am staatleche Raum nees méi no bruecht ginn. De Wunnraum soll erweidert ginn, ouni dass d’Natur an d’Ressourcen dofir de Kapp mussen hänke loossen, betount d’Semiray Ahmedova vun de Grénge.
“Ech wëll dat net pejorativ soen, mee mir hunn ugefaange mat ‘wou baue mer eis Parkplaze’, an dat ass absolut net déi richteg Approche. De Mënsch muss an de Mëttelpunkt. An et ass wichteg, dass d’Biodiversitéit erëm an d’Stied zeréck kënnt. Dat kann een duerchaus immens gutt plangen. Dat heescht Naturschutz hu mer op der enger Säit an d’Wunnen op der anerer Säit. Déi zwee gräifen aneneen an dat ass absolut keen Hindernis.”
Generell erhoffe sech déi Gréng duerch hir Mesuren déi allgemeng Liewensqualitéit vun den Awunner unzehiewen. Dat net nëmmen duerch divers Subventiounen a Primme beim Kaf a Loune vun engem Doheem, mee och duerch eng generell Vereinfachung vun de Prozeduren, déi d’Bierger ufroe kënnen.