Jugendparlament an der ChamberDéi Jonk si kloer fir eng Erweiderung vun der EU

RTL Lëtzebuerg
Am Cercle op der Plëss ass um Freideg de ganzen Dag iwwer en Hearing tëscht Vertrieder vun der Chamber an dem Jugendparlament.

Jugendparlament an der Chamber / Reportage Maxime Gillen

An der Chamber ass e Freideg de ganzen Dag iwwer en Hearing am Cercle op der Plëss, wou d'Jugendparlament hir Resolutiounen zu Sujeten, wéi Logement, erneierbar Energien, mental Gesondheet oder EU-Erweiderung virstellen a mat den Deputéierten doriwwer diskutéieren.

EU-Erweiderung

Déi éischt Resolutioun, iwwert déi Moies diskutéiert gouf, war déi iwwert eng méiglech Erweiderung vun de EU. Déi Jonk hu sech kloer en Faveur vun enger europäescher Vergréisserung ausgeschwat. Si bedaueren, dass aktuell kee Memberstaat eng Erweiderung ënnerstëtzt an dass och net genuch gemaach géif, fir der Euroskepsis ënnert den europäesche Bierger entgéintzewierken.

Et wier ee sech wuel bewosst, dass et aktuell vill intern Problemer géif ginn, an déi missten och fir d'éischt geléist ginn, ma deelweis kéint eng Erweiderung och bei der Solutioun vun dëse Problemer hëllefen, esou d'Vertrieder vum Jugendparlament.

D'Argument dass eng Erweiderung vun der EU aus Europa a politesche Block mat méi Gewiicht am internationale Beräich kéint maachen, huet den Deputéierte vun déi lénk, David Wagner, net gëlle gelooss. Fir hie wieren aner Weltmuechte keng Feinden a mir misste mat hinnen zesumme schaffen, fir virun ze kommen. Eng Positioun, mat där hie bei de jonke Parlamentarier awer wéineg Succès hat.

Hire Spriecher zu deem Thema, Hugo Silvério Da Costa, huet dës Astellung a senger Interventioun e bëssen ze optimistesch fonnt: „Ech si vum Prinzip hir, d'Accord mat Iech. Et wier besser wa jiddereen, wann all Länner géifen zesumme schaffen. Mä wann d'EU sech selwer net zesumme setzt, ech kann Iech garantéieren, dass China net wäert op eis waarden. China wäert net soen: Si setzen sech net zesummen, well si eng international Vue wëllen hunn. Mä China wäert weidermaachen, mat deem wat si grad maachen. Mir schwätze vun der demografescher Kris, ab engem Moment wäert net genuch Iessen do sinn fir jiddereen, et wäert net méi genuch Drénkwaasser do si fir jiddereen a verschidde Groussmuechte vun eisem Planéit sinn net bereet dee Privileeg, dee si grad hunn, opzeginn.“

De Spriecher vum Jugendparlament Hugo Silvério Da Costa

Education

Méi Individualitéit an der Educatioun. Dat ass d'Fuerderung vun de Vertrieder vum Jugendparlament, déi si e Freideg an der Chamber presentéiert hunn. A Punkto Educatioun hu si eng Rei konkret Propositiounen.

Eng vun den Haapt-Doleance vun de Schüler ass, dass hir Interessie kaum bis net an der Schoul berécksiichtegt géifen. Weder beim Choix wéi eng Optiounscoursen ugebuede ginn, nach bei der Fërderung vu periscolairen Aktivitéiten oder allgemeng beim Schoulprogramm. Dofir fuerderen d'Jugendparlamentarier zum Beispill, dass Schüler dierfen aus enger Lëscht wielen, wéi eng Bicher am Sproochenunterrecht solle gelies ginn, an dass den Enseignant säi Programm u seng Klass upassen dierf.

Ausserdeem sollen d'Klasse-Moyenne an d'Placéierung vum Schüler net méi op den Tester respektiv den Zensuren dropstoen, esou den Till Winzen: "A Plaz vun der Klasse-Moyenne soll eng sougenannte Schüler-Moyenne als Ersatz agefouert ginn, déi op all Test steet. Mat dëser Schüler-Moyenne menge mir eng individuell Moyenne, déi sech mat all neier Nott vum Schüler an engem Fach aktualiséiert, esou dass de Schüler eng besser Iwwersiicht iwwer seng Punkten, Leeschtung an Entwécklung huet."

E weidere Problem, wieren de jonke Parlamentarier no, déi vill Hausaufgaben, wéi den Angelo Locatelli erkläert: "Duerch ze vill Hausaufgabe fënnt den individuelle Schüler weder Zäit sech vun der Schoul ofzelenken, nach Zäit fir sech op eng Prüfung ze preparéieren. Dofir proposéiere mir, dass de Schüler iwwert seng Schoulkarriär en digitale Wocheplang matgedeelt kritt, esou dass hien en organiséierten Iwwerbléck iwwert seng Hausaufgabe behält a fir dass se och gläichméisseg verdeelt ginn. Fir déi héich Klasse vun 3e bis 1ere proposéiere mir, d'Hausaufgaben op enger fakultativer anzeféieren, esoulaang dem Schüler seng individuell Schüler-Moyenne iwwer 38 läit."

Ausserdeem feelt deene Jonken dacks den individuelle Feedback vun hire Proffen. Dofir misst dem Jugendparlament no, en obligatoreschen Austausch tëscht Schüler an Enseignant um Enn vun all Trimester agefouert ginn.

Reaktiounen no de Fuerderunge vum Jugendparlament

Allgemeng goufen d'Fuerderunge vun deene Jonke positiv vun den Deputéierten opgeholl. D'CSV-Deputéiert Martine Hansen: "Deen obligatoreschen Austausch tëscht Enseignant a Schüler, ech fannen deen och immens wichteg. Dee gëtt zum Beispill an der Beruffsausbildung op ville Plaze gemaach. Reegelméisseg all Semester misst mam Dokter geschwat ginn. An ech fannen dat wichteg, net nëmmen an den Haaptfächer. Well wa mir vun Individualiséierung schwätzen, dann hunn och vill Jugendlecher Kompetenze vläicht an den Niewefächer, wéi ee muss geziilt fërderen, déi een herno och fir d'Orientatioun brauch. Also géif ech dat extrem wichteg fannen, an ech fannen och, dass een dat roueg och kéint obligatoresch maachen."

E Vertrieder vum Educatiounsministère, dee beim Debat derbäi war, huet nach gemengt, dass Enseignante wärend dem Confinement deels immens kreativ gi wieren an dass et misst geléngen, dës Kreativitéit an Innovatioun mat virun ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO