Pacte Logement 2.0Déi Lénk: "Schluss mam Laisser-faire!"

Maxime Gillen
De Pacte logement 2.0 géing op kruziale Punkten keng Äntwert ginn, wéi zum Beispill, wéi mat ongenotzten Terrainen an de Gemengen ëmzegoen ass.

Déi Lénk iwwert de Pac Logement 2.0/Reportage Maxime Gillen

Den neie Pakt Logement wäert näischt bréngen, well zwee Haaptproblemer weider bestoe bleiwen, esou den Avis vun déi Lénk. Engersäits hätten d'Gemengen net genuch Terrainen an anerersäits och net déi néideg Motivatioun fir genuch abordabele Wunnraum ze schafen. Déi Lénk hunn en Donneschdeg de Moien hir Analysen an hir Verbesserungsvirschléi zum Pakt Logement 2.0 presentéiert.

D'Mesuren a sech wiere guer net emol sou schlecht, ma de Pakt wier komplett ineffikass, eleng well d'Gemengen net verflicht sinn iwwerhaapt eng Konventioun am Kader vum Pakt Logement mam Staat ze maachen. Wien also näischt an déi Richtung wëll ënnerhuelen, muss dat och weiderhin net maachen, monéiert de Gary Diderich, Porte-Parole vun déi Lénk.

De Gary Diderich: Mam Pakt Logement 2.0 misste schonn emol d'Gemengen uviséiert ginn, am Sënn vun, déi misste kloer Zilvirgabe kréien, wéi e Pourcentage vun ëffentleche Mietwunnenge musse si schafen an enger gewësser Zäit.

Den zweete grousse Problem gesinn déi Lénk doran, dass d'Gemengen net genuch Terrainen hunn. An dofir bräichten si nach ganz aner Moyene, wéi bis ewell.

De Gary Diderich: Se musse, am Noutfall wa se net un Terraine kommen, wann déi weider eidel stoe gelooss ginn, iwwer d'Besteierung an am Noutfall iwwer d'Expropriatioun kënnen un déi Terraine kommen.

Ausserdeem misste bei grousse Projeten 30 an net nëmmen 10 Prozent an d'ëffentlech Hand iwwergoen.

Déi Lénk fuerderen allgemeng méi sec Moyene fir géint dës Logementskris virzegoen. Viséiert wiere virop, déi Leit, déi vill Terrainen hunn. Déi géifen all Joer en enorme Profit maachen ouni eppes ze maachen. An dat géif esou net goen, wann ee wierklech eppes géint dee massive Logementsproblem wéilt ënnerhuelen.

Ass den Terrain dann emol bis an ëffentlecher Hand, geet et deene Lénken mat dësem Pact Logement net séier genuch.

De Gary Diderich: Den Timing, deen do virgesinn ass, déi Phas fir dozou ze kommen, dass bis eng Kéier eppes gebaut gëtt, dat wäert bis zu véier, fënnef Joer daueren, wann een déi Phasen esou duerchgeet. An dat ass ze lues. Do wäert de Privatmarché méi schnell sinn an da geet den Undeel un ëffentleche Mietwunnengen éischter erof, wéi dass en erop geet.

Déi Lénk fuerderen dann och, dass d'Loyerspräisser reduzéiert ginn, fir d'Spekulatioun mat dëse Recetten ze stoppen. Ausserdeem misst emol genau festgehale ginn, wéi vill Wunnengen aktuell eidel stinn, fir dann ze kucken, wéi een dofir suerge kann, dass dës Quadratmeter och wierklech fir de Logement genotzt ginn. Deene Lénken no, géifen den Ament wuel eng 10 bis 20.000 Wunnengen eidel stoen.

PDF: Dossier de presse vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO