Marc BaumDéi Lénk wëll mat hirem Walprogramm d'Käpp an d'Häerzer vun de Leit uschwätzen

Frank Goetz
D'Propositiounen aus dem Walprogramm wieren Äntwerten op déi drénglech Froe vun de Leit, sou de Marc Baum e Mëttwoch den Owend am Journal op RTL-Tëlee.
RTL-Interview mam Marc Baum
Ee vun de 4 Spëtzekandidate fir déi Lénk am Süden war Invité um Plateau vum RTL Journal.

D’Partei fuerdert zum Beispill eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit mat enger 32 Stonne Woch bei vollem Lounausgläich an enger Woch méi Congé. Etüden am Ausland hätte gewisen, datt d’Betriber dobäi net verléieren.

Dem Patronat dierft sou eng Iddi zimmlech sauer opstoussen an de Marc Baum huet dofir och eng Explikatioun parat:

“D’Patronat zu Lëtzebuerg ass relativ ideologesch agestallt. Et mécht sech e bëssen zou par rapport zu deenen Evidenzen, déi an anere Länner sinn. Lëtzebuerg ass dat Land, wou d’Leit am meeschte schaffen. 43 Stonnen ass d’Reegel. D’Patronat probéiert mat deene selwechten Argumenter, wéi et an de 70er Joren probéiert huet d'40 Stonne Woch ze verhënneren, well bis dohinner hate mer eng 48 Stonne Woch, elo d'32 Stonne Woch ze verhënneren.”

Eng aner Fuerderung aus dem Walprogramm vun déi Lénk betrëfft d’Nato. Déi soll an hiren Aen opgeléist ginn. Fir de Fridden ze garantéieren, géifen et och aner Méiglechkeeten:

“Et sinn Alternativen um Dësch. Zum Beispill, datt d’Europäer mussen erwuesse ginn. Datt mer selwer eng Verdeedegungsallianz schafen, déi och wierklech op Verdeedegung ausgeriicht ass an net awer ëmmer erëm un Ugrëffskricher bedeelegt ass, wéi dat bei der Nato de Fall ass.”

D’Klimakris an de Verloscht vun der Biodiversitéit sinn an den Ae vun déi Lénk, déi zwou gréisste Krisen, déi an Zukunft waarden. Do misst een dogéint virgoen, allerdéngs nom Prinzip, datt déi, déi am meeschte verschmotzen, och méi e grousse Bäitrag musse leeschten.

Mam Slogan “Alles ze gewannen” an d’Chamberwalen

Déi Lénk hunn hire Walprogramm a Walslogan presentéiert. Mam Motto “Alles ze gewannen” ginn déi Lénk an d’Chamberwalen.

An de leschte Joren hätten d’Ongerechtegkeeten zougeholl an den Aarmutsrisiko wär weider geklommen, soen déi Lénk. An hirem Programm dominéieren déi sozial Themen.

Mam Slogan "Alles ze gewannen" an d'Chamberwalen
Déi Lénk hunn hire Walprogramm a Walslogan presentéiert. Mam Motto “Alles ze gewannen” ginn déi Lénk an d’Chamberwalen.

Ronderëm d’Thema Aarbecht hunn déi Lenk Proposen, déi e Stéck méi wäit ginn, wéi déi déi vun anere Parteien. Si fuerderen ënnert aneremm datt de Mindestloun ëm 300 Euro soll an d’Luucht goen, datt d'32-Stonnewoch agefouert gëtt an datt jiddereen eng Woch Congé bäikritt.

Am fiskale Beräich fuerderen déi Lénk, datt de Steierbarèmen un d’Inflatioun ugepasst gëtt. Do dernierft soll Verméigen iwwer 200.000 Euro besteiert ginn an eng Ierfschaftssteier an direkter Linn agefouert ginn. E weidere Schwéierpunkt läit um Logement. Hei proposéieren déi Lénk en Pakt géint d’Logements-Kris. Fir all Gemeng misste verbindlech Zieler definéiert ginn, an de Staat misst déi néideg finanziell Moyenen deblockéieren, fir datt déi Ziler och erreecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO