
Eng Indextranche lo am Februar, eng am Abrëll a nach eng Enn vum Joer. D’Previsioune vum Statec si kloer. Genee sou kloer ass domat, datt d’Tripartite beieneekënnt, sou wéi et de Staatsminister d’lescht Woch annoncéiert hat: mam 3. Mäerz steet och den Datum fir eng éischt Ronn fest. D’Paperjam-Informatioun krut RTL aus Regierungskreesser confirméiert.
Deemno gesinn sech Regierung, Patronat a Gewerkschaften iwwernächst Woch zu Senneng fir iwwert e koordinéiert Auslafe vun den Tripartitesmesuren ze decidéieren. Nieft deem phasing-out gëtt sech och mat de Sozialpartner iwwert eng Kompensatioun vun der drëtter Indextranche eensgesat.
Duerch d’Mesurë vum Solidaritéitspak 2.0 besonnesch op den Energiepräisser gouf d’Inflatioun effektiv gebremst a louch am Januar eng éischte Kéier zanter engem Joer mat 4,8% ënnert der 5%-Limitt. Fir dëst Joer geet de Statec mat engem Inflatiounstaux vun 3,4% aus.