"Piwitsch" vum ScriptDéi nei Schülerzeitung vu Kanner fir Kanner

RTL Lëtzebuerg
An Zäite vu Falschinformatiounen an enger Omnipresenz vu sozialen Netzwierker ass eng Kompetenz virun allem wichteg: De richtegen Ëmgang mat Medien.
Déi nei Schülerzeitung "Piwitsch" vu Kanner fir Kanner
De Piwitsch ass net just ee Villchen, deen et zu Lëtzebuerg gëtt, mee zanter kuerzem de Maskottche fir déi nei Schülerzeitung vum Script.

A wéi dëst de Jonke besser bäibréngen, wéi et si selwer maache loossen? De “Piwitsch”, esou heescht déi nei Kannerzeitung vum Script, ass vu Kanner fir Kanner gemaach ginn.

De Piwitsch ass net just ee Villchen, deen et zu Lëtzebuerg gëtt, mee zanter kuerzem de Maskottche fir déi nei Schülerzeitung vum Script. Dat huet ee gudde Grond, de Villchen huet nämlech op sengem Kapp esou eppes wéi eng Antenn. Grad esou wéi ee Journalist, deen ëmmer op Empfang no neien Informatiounen ass. En huet awer och ee spatze Schniewel, mat deem en no den Infoe gruewe kann an ee faarwegt Fiederkleed, well ee Journalist muss sech och fir all déi verschidden Themen interesséiere kënnen. Beim Projet sollen d’Schüler dann och selwer d’Roll vun engem Journalist iwwerhuelen.

Wéi stellt ee Froen, wéi hält een e Mikro a wéi geet dat alles mat där Technik? Dat léieren d’Klasse bei de Mataarbechter beim Script. Si respektiv hiert Léierpersonal hu sech nämlech fir de Projet Piwitsch ugemellt. Dat hätt elo no den Tester gutt gepasst. D’Schüler hu sech séier op een Thema gëeenegt, dat sinn aktuell vill beschäftegt, dofir géife si gären eng ukrainesch Famill interviewe fir ee Radioreportage.

Am Ganze ginn et 4 verschidde Klassen. Et ass ee Pilotprojet, un deem och de Claude Karger an de Francis Verquin matschaffen. Net jidderee mécht awer ee Radioreportage, och Filmer gi gedréit, Artikele geschriwwen a Stop-Motion-Videon produzéiert.

Do hu si mat Legosfigure verschidden Zeenen nogebaut an domadder eng Geschicht erzielt. Der Klass vu Klengbetten louch d’Thema vum Plastik an de Mierer um Häerz.

Dat alles kënnt spéiderhin op den Internetsite a gëtt an engem Artikel am Piwitsch erkläert. Am Ganze ginn et 3 Volete beim Projet. Dat ass eng Kéier d’Zeitung, en Internetsite an eng Video-Serie iwwert Medieberuffer. Esou soll d’Mediekompetenz schonn am Fondamentale gefërdert ginn.

D’Zeitunge ginn an de Schoule verdeelt, am Ganzen 33.500 Exemplairë pro Nummer. D’Zeitung ass gratis, bis d’Summervakanz ginn et 3 Editiounen. Aktuell wär och geplangt de Projet am Hierscht weiderzeféieren. Interesséiert Klasse kënne sech beim Script umellen, fir beim Projet matzemaachen. Méi Infoe ginn et um offiziellen Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO