
Géint 2.15 Auer war der Police e Geeschterfuerer op der Escher A4 a Richtung Stad gemellt ginn. Op der Héicht vu Leideleng ass den Automobilist du mat engem Auto, deen entgéint komm ass, kollidéiert an huet Feier gefaangen. Fir de Chauffer koum all Hëllef ze spéit.
D’Automobilistin aus deem zweete Won, dee sech duerch d’Kollisioun iwwerschloen hat, huet missen aus dem Auto gerett ginn. Si koum blesséiert an d’Spidol. E weidert Gefier war duerch d’Stécker, déi ronderëm geflu waren, liicht beschiedegt ginn.
D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz, fir déi genee Ëmstänn ze klären. D’Autobunn huet dowéinst missten zäitweileg gespaart ginn. Och de Samu souwéi d’Rettungsdéngschter aus der Stad an d’Ambulanz vu Monnerech waren am Asaz.
Kuerz no 17.30 Auer waren an der Géigend vun Iechternach jee zwee Gefierer accidentéiert. Bei deem éischten war en Automobilist an der Cité Manertchen bäigaangen. Hei gouf eng Persoun blesséiert a vum Rettungsdéngscht vun Iechternach versuergt.
Eng zéng Minutte méi spéit gouf der Police en Accident um CR368 tëscht Iechternach an Dickweiler gemellt. De Chauffer hat hei d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op déi aner Stroossesäit an de Gruef geroden, wou sech den Auto iwwerschloen huet. De Mann koum an d’Spidol. A well den Alkoholtest positiv ausgefall war, huet hien de Permis missten ofginn.
Um CR345 tëscht Uewerfeelen a Mäerzeg war géint 23.30 e weidert Gefier accidentéiert. Hei koum et zu dräi Blesséierten. Am Asaz waren d’Ambulanze vun der Nordstad, Rambrouch a Mäerzeg.