Um Méindeg de MoienDéidlechen Accident tëscht dem Schumannseck a Bidscht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie koum et op der N15 am Beräich vum Schumannseck zu engem schroen Accident tëscht 2 Gefierer. E Mann vu 26 Joer ass ëm d'Liewe komm.
Tëscht Schumannseck a Bidscht - Déidlechen Accident
E 26 Joer jonke Chauffer vun Ierpeldeng (bei Wolz) ass ëm d’Liewe komm.

D’Kollisioun war kuerz virun 7.30 Auer. Wéi d’Police mellt, huet en Automobilist probéiert, en aneren Auto ze iwwerhuelen an ass dobäi un d’Schleidere geroden. Doduerch koum et zu enger Kollisioun mat engem Auto, deen a Richtung Schumannseck ënnerwee war.

De 26 Joe alen Automobilist vun Ierpeldeng bei Wolz, deen d’Iwwerhuelmanöver gemaach hat, war dout op der Plaz. Déi aner Automobilistin gouf Informatioune vun der Police no liicht verwonnt.

Am Asaz waren d’Pompjeeë vun der Stauséigemeng a vu Wolz, grad ewéi d’Ambulanz vu Wolz an de Samu.

Weider Accidenter

Géint 6 Auer sinn op der rouder Bréck puer Autoen anenee gerannt. 2 Leit goufe verwonnt.

Zu Konter um Square Dussmann sinn en Auto an e Camion kollidéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.

Ëm 8 Auer ass en Auto bei Kietscht bäigaangen. Hei ass ee Blesséierten ze notéieren.

An der Hollerecher Strooss an der Stad gouf kuerz virun 8 Auer en Automobilist gestoppt, nodeems en duerch Rout gefuer war. Bei der Kontroll war den Drogentest vum Chauffer positiv ausgefall. Well hien awer weider Tester refuséiert hat, huet hie missen de Permis ofginn a gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO