
An enger laanggezunner Lénkskéier huet de Mann eng Camionnette gesträift an huet doropshin d’Kontroll iwwer de Won verluer an ass frontal an een aner Auto gerannt. Fir den 59 Joer ale Mann vun Dondel koum all Hëllef ze spéit. D’Automobilistin aus dem zweete Won gouf just liicht blesséiert.
De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.