
E Méindeg am Nomëtteg hat en Onéierleche probéiert, an engem Buttek an enger Galerie an der Grand-Rue an der Stad ze klauen. Hie wollt d’Wuer an enger extra preparéiert Täsch laanscht d’Kees schleisen, gouf awer dobäi erwëscht. De Mann gouf festgeholl an de Parquet vun der Police informéiert. En Dënschdeg hat hie Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
Da mellt d’Police nach, datt zu Bartreng e jonke Mann vun engem onbekannten Täter iwwerfall gouf. Den Täter ass op d’Affer zoukomm an huet him den Handy aus der Hand gerappt an d’Täschen duerchwullt. Dobäi goufen e weideren Handy an och Kopfhörer geklaut. No der Dot huet den Täter d’Affer nach an d’Gesiicht geschloen an ass fortgelaf.
D’Police beschreift den Täter esou: “männlech vu sportlecher Natur, ongeféier 25 Joer al an 1,80 Meter grouss. Hien hat e schwaarzt Kappduch un, eng beige West, eng schwaarz Box, wäiss Schong an eng gro Bauchtäsch.”
Géint 23 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg goufen d’Polizisten op Déifferdeng geruff, well hei zwou Persounen an der Rue de la Chapelle vill Kaméidi gemaach an och d’Spigele vun Autoen, déi do ofgestallt waren beschiedegt hunn. Wéi d’Police agetraff ass, gouf festgestallt, datt béid Persounen ze déif an d’Glas gekuckt hunn. Hir Personalien goufen opgefall an Ermëttlungen ageleet.
Och ze vill gedronk hat en Automobilist an der Stad, deen an der Rue d’Amsterdam ugehale gouf. Hien huet de Permis bei de Beamte vun der Police dierfte loossen.