
Am spéiden Owend ass de Policebeamten an der Route de Luxembourg de Verkaf vun Drogen opgefall an hunn doropshin de presuméierte Verkeefer a Keefer direkt gestallt. Beim presuméierte Keefer gouf eng Bull Kokain fonnt, beim Dealer selwer eng kleng Quantitéit Kokain a Boergeld. Souwuel d’Drogen, wéi d’Sue goufe séchergestallt. De Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter.
E Samschdeg 23. September ass der Police dann e weideren Drogendeal um Boulevard de la Fraternité um Verluerekascht opgefall. Niewent de 4 Bulle vun de Keefer, hunn d’Beamten an enger Heck an der Géigend weider 18 Bulle mat Droge fonnt. Béid Clientë wéi och de presuméierten Dealer goufen op de Policebüro matgeholl. Do konnt een beim Duerchsichen nach eng weider Bull, sou wéi Cannabis sécherstellen. Och beim Dealer goufen zwee Friemkierper am Kierper entdeckt, nodeems hien an der Röntgen-Ënnersichung war. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
An der Nuecht op de 24. September goufen an der Stad eng Partie Déifställ gemellt, bei deenen all Kéier Menace mat engem Messer am Spill waren. De presuméierten Täter konnt am Kader vun Ermëttlungen kuerz drop gestallt ginn, d’Messer dat hie bei sech hat gouf séchergestallt. Nodeems hien duerchsicht gouf, konnten Handyen, Bancomatskaarten, Smartwatchen a Boergeld séchergestallt ginn. De presuméierten Täter gouf festgeholl, d’Affer kruten hir geklaute Saachen nees zeréck.