HollerechDéif no Iwwerfall op Zeitungs- an Tubaksbuttek gepëtzt
RTL Lëtzebuerg
Der Police ass et en Donneschdeg gelongen, een Déif ze pëtzen, dee kuerz virdrun een Zeitungs- an Tubaksbuttek zu Hollerech mat engem Messer iwwerfall hat.
Update: 12.12.2025 09:35
De presuméierten Täter gouf am Grëndche vun de Beamte fonnt a souwuel d’Messer, wéi och d’Suen, déi geklaut goufen, konnte séchergestallt ginn. De mannerjäregen Täter gouf protokolléiert an et gouf eng “Jugendschutzmeldung” vun der Police gemaach.