
Wéi den Haushär an e weidere Bewunner doropshin d’Dier opgemaach hunn, goufe si vun 2 Männer attackéiert. Dës hu si geschloen a mat engem Kichemesser ugegraff. Béid Affer goufen dobäi liicht blesséiert.
Nodeems d’Täter eng Partie Wäertsaachen aus dem Haus, dorënner ënner anerem e Laptop, en Handy a Boergeld geklaut haten, si si geflücht.
Obschonn d’Police direkt mat méi Unitéiten no den Täter gesicht gouf, sinn déi bis ewell net fonnt ginn. D’Beamten hunn eng Plainte entgéintgeholl an eng Enquête an d’Weeër geleet.