StatecD'Ekonomie dréint méi lues, de Chômage geet erop

RTL Lëtzebuerg
D'ekonomesch Aktivitéit geet zu Lëtzebuerg méi staark zeréck wéi an der Moyenne vun der Eurozon.

Dat gëllt och fir de Finanzsecteur, an deem d’Aarbechtsplazen trotz allem nach relativ wéineg betraff wieren, sou de Statec a sengem neiste “Conjoncture Flash”. An anere Secteure wier den Impakt op d’Aarbechtsplazen däitlech méi grouss.

Wann een déi éischt 2 Trimester vum Joer kuckt, ass de PIB géigeniwwer der nämmlechter Period zejoert ëm 1,7 % zeréckgaangen. Dës Baisse géif sech haaptsächlech doduerch erklären, dass d’Zuelen am Finanzsecteur manner gutt ware wéi erwaart.

Och am Transport sinn d’Entwécklungen - am Géigesaz vum europäeschen Trend - net positiv. An der Fracht-Loftfaart sinn d’Tendenzen zanter 2022 réckleefeg. Dat hätt dem Statec no en negativen Impakt op d’Valeur ajoutée an d op d’Schafe vun neien Aarbechtsplazen an der Branche.

An der Constructioun ass et op e Joer gekuckt eng Baisse vu 6 % vun der Valeur ajoutée. D’Zuel vun den Aarbechtsplazen am Secteur sinn zanter Ugangs vum Joer réckleefeg an d’Zuel vun de Leit aus der Baubranche, déi no enger Plaz sichen, droe staark zu der Hausse vum Chômagetaux bäi.

Verschidde gratis Servicer géifen iwwerdeems d’Inflatioun zu Lëtzebuerg bremsen. Dem Statec no wieren d’Gratuitéit vun de Schoulkantinnen a Maison relaisen zanter der Rentrée zejoert den Haaptgrond dofir - genee wéi de gratis ëffentlechen Transport.

Back to Top
CIM LOGO