
Dëst aus Protest vun de Mataarbechter géint d’Pläng vum Grupp, fir déi 128 Butteker an der Belsch ënner Franchise lafen ze loossen. Deemno géifen dës Geschäfter net méi dem Grupp gehéieren, ma vun onofhängege Commerçanten ënnert de Konditioune vun der Mark Delhaize gefouert ginn.
Fir d’Delhaize-Butteker zu Lëtzebuerg goufe bis ewell keng esou Pläng annoncéiert. Ma den onofhängege Gewerkschaftsbond weist sech solidaresch mat de ronn 9.000 Salariéë vum Grupp an der Belsch. An engem Communiqué betount den OGBL iwwerdeems, dass eng Franchise fir déi 58 Butteker zu Lëtzebuerg keng Optioun wier. Fir deem entgéintzewierken, hätt een dann och Kontakt mat der Direktioun vun Delhaize Lëtzebuerg opgeholl.