Mord um Ana LopesD'Eltere vum Ugekloten hunn ausgesot

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm den Doud vum Ana Lopes hu sech d'Eltere vum Beschëllegte e Mëttwoch vehement virun hire Fils gestallt, dee jo wéinst Mord ugeklot ass.

D'Mamm an de Papp hunn nämlech ausgesot, dass de Bouf déi ganz Nuecht vun der Dot doheem gewiescht wär an d'Police hir Aarbecht net korrekt gemaach hätt.

Virun allem de Papp huet dobäi d'schwéier Artillerie erausgeholl. En Enquêteur hätt net nëmmen näischt ënnerholl, wéi hien dem Polizist den Numm vun engem groussen Drogendealer genannt hätt, mee och Zeie gesot, si sollten net alles soen.

De Papp huet dann och vu ganz vill Bizarem an dësem Dossier geschwat, ma hie wéilt net, dass en Onschëllege géif verurteelt ginn. D'Dot wär vläicht vum Drogemilieu an Optrag gi ginn, e Milieu, an deen d'Ana gerutscht wär. Hatt hätt och Hëllef gesicht an Angscht ëm säi Liewe gehat. D'Police hätt iwwerdeems probéiert, och säin anere Fils an de Prisong ze setzen: „Firwat dat Behuele géintiwwer menger Famill?“, huet de Mann gefrot, woumat hien awer net op vill Versteesdemech bei der Presidentin vum Geriicht gestouss ass. D'Police kéint d'DNA vu sengem Fils och net hunn, well dee wär deen Owend doheem gewiescht an hätt ënner anerem mat senger Schwëster e Film gekuckt. Et wär net korrekt, wéi d'Police geschafft huet, sou de Papp.

Do virdrun hat d'Mamm ewell betount, d'Police hätt hir Aarbecht net gutt gemaach. Si hätt Haass empfonnt, wéi de Fils festgeholl gouf, well si wéisst, dass deen et net war. Hie wär dee ganzen Owend doheem gewiescht. Bei der Interpellatioun vum Fils wär si gewuer ginn, dass hien an d'Ana ausenee gaange wäre wéinst dem Liewen, dat déi jonk Fra gefouert hätt, mat Drogekonsum a -verkaf. Hire Fils hätt alles fir d'Ana gemaach a wär onschëlleg. Si wär vun der Police forcéiert ginn, fir eng Auerzäit ze nennen, wéini de Fils um Dag vun der Dot heem komm ass. Dat huet d'Riichterin allerdéngs genee sou kritesch gesi wéi SMSen, nuets, tëscht hir an dem Fils, SMSen, déi „wéi duerch e Wonner op deenen zwee Handye verschwonne sinn“, woubäi den Inhalt vun deene Messagen der Enquête hätt kënnen déngen.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Philippe Penning, ee vun den Affekote vum Ugekloten, d'Dokument dozou virgeluecht, dass de Beschëllegte säi Bouf de Mount vun der Gebuert unerkannt hat an net e Joer dono.

De Prozess geet en Donneschdeg de Mëtteg virun.

Back to Top
CIM LOGO